Konstruktiounen bei der Sauer

Wanns du schonn ëmmer wësse wolls, wéi een op engem Camp oder enger Kolonie flott a sécher Konstruktioune mat a fir d’Kanner baue kann, da bass du op dësem Weekend genee richteg !

Mir léiere verschidde Kniet a bauen niewent enger grousser Konstruktioun aus Holz och e Biwak. Owes loosse mir den Dag gemittlech rondrem e Lagerfeier auskléngen.

Dës Formatioun fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Équipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Schung.

Inscription