Nuetsraid ANNULE !!!

Mir trainéieren den Ëmgang mat Kaart a Kompass, léieren d'Funkprozedur a wenden dëst Wëssen an der Nuecht un, bei enger Expeditioun déi sech gewäsch huet. Beim Nuetsraid geet et drëm ze spieren wat et heescht richteg Décisiounen ze huelen, ee fir deen aneren do ze sinn während Gruppen Challengen, Limitten erkennen an als Équipe staark ze sinn; alles wat fir en Animateur wichteg ass. Pak deng Täscheluucht un a lass!

Dës Formatioun fënnt dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Équipement dobäi hunn: waarm a wierderfest Kleedung a Wanderschung, e Schlofsak an eng Isomatte an eng Gamelle a Läffelsgeschir.

Owesaktivitéiten a Nuetsspiller ANNULE !!!

Op dësem Weekend léiers du, wéi een Nuetsspiller organiséiert an ëmbaut. Aktivitéiten, fir kleng a grouss Kanner, am Haus oder am Bësch stinn um Programm. Wann’s du méi wëlls wëssen zur Veillée, Nuetsspiller, Nuetsrallyen a schonn ëmmer denger Kreativitéit fräie Laf loossen an deng Spill-Iddi teste wolls, da mell dech direkt hei un.

Dës Formatioun fänkt Freides owes un!