Sport fir jiddereen

Net schonn erëm jogge goen… Wéi eng Alternative ginn et? Wéi kann ee Kanner a Jonken sportlech Aktivitéiten a Spiller op enger Kolonie schmackhaft maachen, déi villäicht am private Kontext Sportmuffelen sinn? Op dësem Formatiounsweekend vergréissers du däi Spill- a Methode Koffer am Beräich vun der Beweegung a vum Sport.

Dës Formatioun fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Équipement dobäi hunn: wierderfest sportlech Kleedung a Schung.

Inscription