Formatioun Brevet A

Formatioun Animateur · Brevet A

Du hues min 15 Joer a Loscht, deng Summervakanz sënnvoll ze notzen an dech bei Vakanzenaktivitéiten ze engagéieren?
Du schaffs gäre mat Kanner a Jugendlechen a hues Spaass drun, Spiller a Fräizäitaktivitéiten ze plangen an z’encadréieren?  Dann ass d’Formatioun Animateur · Brevet A genau dat Richtegt fir dech!
D’Formatioun besteet aus 30h Theorie an 20 Stonnen Stage.
An dëser Formatioun kriss du dat néideg Basis Wëssen an praktescht Methoden, déi’s du als Animateur brauchs:
  • Wéi plangen an organiséieren ech Spiller a Aktivitéiten?
  • Wat si meng Responsabilitéiten als Animateur?
  • Wéi encadréieren ech eng Grupp Kanner oder Jugendlecher?
  • Wéi ginn ech professionell mat Konflikter ëm?
  • Gruppendynamik verstoen a stäerken
  • Risikopräventioun a Sécherheet
  • A nach vill méi!
D’Formatiounssprooch ass Lëtzebuergesch!

Wéini?

Theorie:
Méinden, den 30.03. bis Donneschden, den 02.04.
All Dag vun 9:00 bis 17:30 Auer
Donneschdes vun 9:00 bis 12:30 Auer
Mëttesstonn abegraff

Stage:
20.07.26 bis den 31.07.26 wärend den Vakanzenaktivitéiten ( 2026 Mini Hesper)

Wou?

Centre Joseph Altmann
9, rue de Bettembourg
L-5810 Hesperange
Bei weidere Froe sti mir dir gäre per Mail oder Telefon zur Verfügung.
Tél.
+352 360808 6770
E-mail Jessica.Schaal@sej-hesper.lu

Formation Animateur Brevet A

De Brevet A soll déi Jonk drop virbereede Kanner oder Jonker wärend enger Fräizäitaktivitéit an ënner Opsicht vun engem Verantwortlechen ze betreien. Den Animateur ënnerstëtzt e Verantwortleche bei enger Aktivitéit mat Kanner oder Jugendlechen. Am festgeluechten an zäitlech begrenzte Programm plangt a leet den Animateur eegestänneg eng bestëmmten Aufgab.
Programm:
D’Ausbildung besteet aus 25 Stonnen Theorie an 25 Stonne Stage, déi zu engem spéideren Zäitpunkt am Jugend- oder Kannerberäich muss absolvéiert ginn.

Am Mëttelpunkt vun dëser Ausbildung stinn:
  • Grondkenntnisser vun der Betreiung vu Kanner a Jugendlechen
  • Opbau an Ëmsetzung vun Aktivitéiten
  • Verantwortung vum Betreiungspersonal
  • Sécherheet wärend Aktivitéiten

Typesch Asazplazen
  • Fräizäitaktivitéite wärend der Summervakanz, déi vun de Gemengen oder Maison Relais organiséiert ginn.
  • Fräizäitaktivitéiten an a mat de Jugendhaiser, sief dat an de Vakanzen oder Weekends.

Wichteg: D’Formatioun fënnt am Centre Arend-Fixmer zu Medernach (mat 3 obligatoresch Iwwernuechtungen) statt a kascht 100€. Deng Umeldung ass réicht dann definitiv wanns du deng Partizipatiouns-Frais’en bezuelt hues, an di néideg Dokumenter bei eis ofginn hues, déi mir dir iwwer E-Mail schécken.

Animateur A (2. Weekend)

D’Gemeng Schëffleng proposéiert och 2026 an

Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus
dës Formatioun.
Domat kann ee spéider als Animateur un
Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher an de Schoulvakanzen deelhuelen
an zesumme mat de Responsabelen Aktivitéiten organiséieren,
duerchféieren an d’Participante begleeden. D’Formatioun gëtt vum Service
National de la Jeunesse zertifiéiert a fënnt zu Schëffleng an an der Ëmgéigend
statt.

Datumer 2026:
28.02. bis 01.03.26 an 28.-29.03.26 (jeweils mat Iwernuechtung)

Teamdag 13. Juni

Plus 2 Deeg Ministage am Schëfflenger Jugendhaus,
d’Datumer heifir gi mam Animateur zesumme festgeluecht.
Umeldung bis de 15. Februar
info@schefflenger-jugendhaus.lu

Ziller
D’Animateuren,
déi d’Formatioun duerchlaaf hun, sollen:
·e Grupp vu Jugendlechen/Kanner altersgerecht encadréiere kënnen.
·Risike vun Aktivitéiten aschätzen a fir Secherheet suerge kënnen.
·mat Konflikter am Grupp ëmgoe kënnen.
·hier Roll als Animateur kennen an als Firbild fungéiere kënnen.
·Eegeninitiativ ergräifen an eegestänneg schaffe kënnen.
·Handlungsméiglechkeeten a konkrete Situatioune kennegeléiert hunn.
·déi aaner Animateure, mat deenen se wärte schaffen, kennegeléiert a mat hinnen
am
Team geschafft hunn.
·vertraut si mat den Aktivitéiten, déi an deem jeeweilege Joer ugebuede ginn.

Zillgrupp: Schüler a Studenten am Alter vun 16-26
Joer.

Animateur A (1. Weekend)

D’Gemeng Schëffleng proposéiert och 2026 an

Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus
dës Formatioun.

Domat kann ee spéider als Animateur un
Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher an de Schoulvakanzen deelhuelen
an zesumme mat de Responsabelen Aktivitéiten organiséieren,
duerchféieren an d’Participante begleeden. D’Formatioun gëtt vum Service
National de la Jeunesse zertifiéiert a fënnt zu Schëffleng an an der Ëmgéigend
statt.
Datumer 2026:
28.02.26 bis 01.03.26 an 28.-29.03.26 (jeweils mat Iwernuechtung)
Teamdag 13. Juni 2026

Plus 2 Deeg Ministage zB am Schëfflenger Jugendhaus,
d’Datumer heifir gi mam Animateur zesumme festgeluecht.
Umeldung bis de 15 . Februar
info@schefflenger-jugendhaus.lu

Ziller
D’Animateuren,
déi d’Formatioun duerchlaaf hun, sollen:
·e Grupp vu Jugendlechen/Kanner altersgerecht encadréiere kënnen.
·Risike vun Aktivitéiten aschätzen a fir Secherheet suerge kënnen.
·mat Konflikter am Grupp ëmgoe kënnen.
·hier Roll als Animateur kennen an als Firbild fungéiere kënnen.
·Eegeninitiativ ergräifen an eegestänneg schaffe kënnen.
·Handlungsméiglechkeeten a konkrete Situatioune kennegeléiert hunn.
·déi aaner Animateure, mat deenen se wärte schaffen, kennegeléiert a mat hinnen
am
Team geschafft hunn.
·vertraut si mat den Aktivitéiten, déi an deem jeeweilege Joer ugebuede ginn.
Zillgrupp: Schüler a Studenten am Alter vun 16-26
Joer.

Modul 4.3. Theater op der Kolonie

Geschichten a Theater hunn eng grouss Valeur op eise Kolonien. Fest encadréiert am Wocheplang suergen dës fir Identifikatioun a Spannung bei de Kanner. Wëlls du och léieren a probéieren, wourop et ukënnt op der Bühn ze stoen? Vu klasseschen Theater-Instrumenter, Improvisatioun bis zu engem Theaterstéck, op dësem Weekend ass fir jiddereen eppes dobäi.

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dëse Formatiounsweekend gehéiert zum Modul 4 “Kreativitéits Labo”

Fir de Brevet C sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formatiounswoch Brevet C
  • 3 Formatiounsweekender:
    à 1 Formatiounsweekend vum Modul 3
    à Nach 1 Formatiounsweekend vum Modul 3 oder Modul 4
  • 50 praktesch Stonnen

Modul 1.3. Sport fir jiddereen

Net schonn erëm jogge goen… Wéi eng Alternative ginn et? Wéi kann ee Kanner a Jonken sportlech Aktivitéiten a Spiller op enger Kolonie schmackhaft maachen, déi villäicht am private Kontext Sport Muffelen sinn? Op dësem Formatiounsweekend vergréissers du däi Spill- a Methode Koffer am Beräich vun der Beweegung a vum Sport.

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch
     
Dës Formatioun fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Equipement dobäi hunn: wierderfest sportlech Kleedung a Schong.

Dëse Formatiounsweekend gehéiert zum Modul 1 “Spillwelt Gestaltung”

Fir de Brevet B sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formation de base
  • Formatiounswoch Brevet B
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 2
  • 50 praktesch Stonnen

Formatiounswoch Brevet B (Päischten)

Wärend der Formatiounswoch Brevet B kriss du verdéift Basiswëssen als Animateur/Animatrice bäibruecht, fir och Aktivitéiten mat Iwwernuechtungen kënnen ze betreien. Mir hëllefen dir ee Spill Repertoire op ze bauen, dech sécher ze fillen fir ee Spill oder en Atelier ze betreien an dir och denger Verantwortung als Animateur/Animatrice bewosst ze ginn.

Duerch eng Praxis orientéiert Formatioun kriss du gewisen, wéi een an enger Equipe schafft, wat fir Sécherheetsaspekter a verschiddenen Situatiounen wichteg sinn an ob wéi eng Detailer een als Animateur/Animatrice oppasse muss.

Wanns du Loscht hues mat anere motivéierte Jonken ze léieren, wéi ee Kanner a Jugendlechen eng onvergiesslech Zäit bitt, da bass du op dëser Woch genau richteg!
 
Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch
     
Dës Formatiounswoch fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Equipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Wanderschong.

Fir de Brevet B sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formation de base
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 1
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 2
  • 50 praktesch Stonnen

Modul 2.1. Inclusioun vu Kanner mat enger Beanträchtegung

Wéi kann ech e Kand mat enger Beanträchtegung a mengem Grupp oder bei engem Spill integréieren? Ass dat iwwerhaapt méiglech? Wéi ginn ech domat ëm? Mat vill eegener Erfarung vun den Zelt Kolonien an enger ganzer Rei vu klengen Tricke weise mir dir wou Méiglechkeeten a Grenzen vun der Inklusioun op enger Kolonie leien. Natierlech verbonne mat ville praktesche Beispiller!

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dës Formatioun fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Equipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Schong.

Dëse Formatiounsweekend gehéiert zum Modul 2 “Wuelbefannen am Fokus”

Fir de Brevet B sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formation de base
  • Formatiounswoch Brevet B
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 1
  • 50 praktesch Stonnen

Modul 1.2. Grouss Spiller a Nuetsaktivitéiten

Wat kënne mer mat de Kanner de Mëtte maachen? Eng Aktivitéit fir déi ganz Kolonie? Iwwert de ganzen Dag? E Spill an der Stad?

A wat kéint een Owes nach als Programm wärend enger Kolonie oder engem Camp aplangen?

Wann’s du der dës Froe stells an och nach wëlls wëssen, wéi een esou eng Aktivitéit fir ee grousse Grupp organiséiert, oder zum Beispill ee Nuetsrallye op d’Bee stellt, da mell dech hei un. Hei kriss de d'Méiglechkeet denger Kreativitéit fräie Laf ze loossen, fir selwer ze plangen an auszeprobéieren.

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fänkt Freides owes un!
  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch
     
Dës Formatioun fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Équipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Schong.

Dëse Formatiounsweekend gehéiert zum Modul 1 “Spillwelt Gestaltung”

Fir de Brevet B sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formation de base
  • Formatiounswoch Brevet B
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 2
  • 50 praktesch Stonnen

Formation de base (avril)

D'Formation de base ass fir all Jonken, dee beim SNJ de Brevet A an/oder de Brevet B maache wëll, fir wärend de Vakanz-Sportsaktivitéiten vun eiser Equipe “Sport Erliewen” oder wärend Kolonien a Summer Camps ze schaffen. Op dëser Formatioun léiers Du d'Grondlage fir ee Grupp z'encadréieren, alles zum Thema Sécherheet a Präventioun an och Animatiounstechniken. Duerch interaktiv Aufgaben an een theoreteschen Input gëss du drop virbereet ee Grupp Kanner oder Jugendlecher wärend enger Aktivitéit ze begleeden an d'Responsabilitéit fir si ze huelen.
 
Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt vun 09:00 bis 18:00 Auer statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

D'Formation de base gëllt als obligatoresch Formatioun fir de Brevet A an de Brevet B.

Fir de Brevet A sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formatiounsweekend “Animateur A”
  • 25 praktesch Stonnen
     
Fir de Brevet B sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formatiounswoch Brevet B
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 1
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 2
  • 50 praktesch Stonnen

Formatiounswoch Brevet B (Ouschteren)

Wärend der Formatiounswoch Brevet B kriss du verdéift Basiswëssen als Animateur/Animatrice bäibruecht, fir och Aktivitéiten mat Iwwernuechtungen kënnen ze betreien. Mir hëllefen dir ee Spill Repertoire op ze bauen, dech sécher ze fillen fir ee Spill oder en Atelier ze betreien an dir och denger Verantwortung als Animateur/Animatrice bewosst ze ginn.

Duerch eng Praxis orientéiert Formatioun kriss du gewisen, wéi een an enger Equipe schafft, wat fir Sécherheetsaspekter a verschiddenen Situatiounen wichteg sinn an ob wéi eng Detailer een als Animateur/Animatrice oppasse muss.

Wanns du Loscht hues mat anere motivéierte Jonken ze léieren, wéi ee Kanner a Jugendlechen eng onvergiesslech Zäit bitt, da bass du op dëser Woch genau richteg!
 
Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch
     
Dës Formatiounswoch fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Equipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Wanderschong.

Fir de Brevet B sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formation de base
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 1
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 2
  • 50 praktesch Stonnen

Formatioun fir Formateuren (Fréijoer)

Dës Formatioun riicht sech un Animateuren & Animatricen, a Personal aus der non-formaler Bildung, déi Wëlles hunn, Formateur/Formatrice fir Animateur Formatiounen ze ginn.

Theme vun dëser Formatioun sinn ënner anerem non-formal Bildung, gesetzlech Basis, Hëllefsmëttel fir Animateuren a Formatiounstechniken.

Konditioun: Brevet C, 18 Joer an eng grouss Erfahrung als Animateur/Animatrice oder en Diplom am sozio-edukative Beräich hunn (Éducateur, Éducateur gradué, Pädagog, etc.).

Dës Formatioun dauert vun 09:00 bis 18:00 Auer.

Fir de Brevet F sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • 17 praktesch Stonnen

Fir Personal aus der non-formaler Bildung: Dës Formatioun ass validéiert als Formation Continue. Bei Ärer Inscriptioun ass et wichteg Är professionell E-Mail an bei "Notes" d'ID-Nummer vun Ärer Struktur unzeginn, domat mir erkennen, datt et sech bei Iech ëm eng Struktur aus dem non-formale Bildungsberäich handelt.

Formation de base (février – samedi)

D'Formation de base ass fir all Jonken, dee beim SNJ de Brevet A an/oder de Brevet B maache wëll, fir wärend de Vakanz-Sportsaktivitéiten vun eiser Equipe “Sport Erliewen” oder wärend Kolonien a Summer Camps ze schaffen. Op dëser Formatioun léiers Du d'Grondlage fir ee Grupp z'encadréieren, alles zum Thema Sécherheet a Präventioun an och Animatiounstechniken. Duerch interaktiv Aufgaben an een theoreteschen Input gëss du drop virbereet ee Grupp Kanner oder Jugendlecher wärend enger Aktivitéit ze begleeden an d'Responsabilitéit fir si ze huelen.
 
Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt vun 09:00 bis 18:00 Auer statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

D'Formation de base gëllt als obligatoresch Formatioun fir de Brevet A an de Brevet B.

Fir de Brevet A sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formatiounsweekend “Animateur A”
  • 25 praktesch Stonnen
     
Fir de Brevet B sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formatiounswoch Brevet B
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 1
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 2
  • 50 praktesch Stonnen

Animateur A (Fréijoer)

Du wëlls léiere wéi ee Spiller, Bastel Aktivitéiten oder Owes Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher wärend Vakanzenaktivitéiten oder an engem Jugendhaus organiséiert a wat fir eng Optiounen een do iwwerhaapt huet? Oder du wëlls wësse wéi een a verschiddenen Situatiounen sech soll verhalen a wat engem Animateur/enger Animatrice mam Brevet A seng Responsabilitéite sinn? Da mell dech u fir dëse Weekend vum Brevet A vun deems du garantéiert vill léiers a mat heem hëls.

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dës Formatioun fënnt vill dobausse statt an d'Participante mussen dat néidegt Equipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Schong.

Fir de Brevet A sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formation de base
  • 25 praktesch Stonnen

Modul 3.3. Schwiereg Situatiounen a mental Gesondheet

Op dësem Formatiounsweekend léiers du wärend schwieregen Situatiounen op enger Kolonie oder engem Camp, déi mat mentaler Gesondheet ze dinn hunn, richteg ze reagéieren. Du kriss d’Basiswëssen iwwert verschidde Krankheeten vermëttelt an och praktesch Tools déi’s du entweder an dengem Job als Animateur/Animatrice ëmsetze kanns, mee awer och an dengem private Liewen.

Dës Formatioun fënnt an Zesummenaarbecht mat der Ligue Santé Mentale statt.

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dëse Formatiounsweekend gehéiert zum Modul 3 “Sécherheet a Präventioun”

Fir de Brevet C sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formatiounswoch Brevet C
  • 3 Formatiounsweekender:
    à 1 Formatiounsweekend vum Modul 4
    à Nach 1 Formatiounsweekend vum Modul 3 oder Modul 4
  • 50 praktesch Stonnen

Formation de base (janvier – samedi)

D'Formation de base ass fir all Jonken, dee beim SNJ de Brevet A an/oder de Brevet B maache wëll, fir wärend de Vakanz-Sportsaktivitéiten vun eiser Equipe “Sport Erliewen” oder wärend Kolonien a Summer Camps ze schaffen. Op dëser Formatioun léiers Du d'Grondlage fir ee Grupp z'encadréieren, alles zum Thema Sécherheet a Präventioun an och Animatiounstechniken. Duerch interaktiv Aufgaben an een theoreteschen Input gëss du drop virbereet ee Grupp Kanner oder Jugendlecher wärend enger Aktivitéit ze begleeden an d'Responsabilitéit fir si ze huelen.
 
Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt vun 09:00 bis 18:00 Auer statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

D'Formation de base gëllt als obligatoresch Formatioun fir de Brevet A an de Brevet B.

Fir de Brevet A sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formatiounsweekend “Animateur A”
  • 25 praktesch Stonnen
     
Fir de Brevet B sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formatiounswoch Brevet B
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 1
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 2
  • 50 praktesch Stonnen

Formation Animateur A

D’Maison Relais Préizerdaul bidd d’Formatioun fir den Animateur A un.
Terminer:
Freides de 6 Mäerz 2026 vun 17h00-22h00
Samschdes de 7 Mäerz 2026 vun 8h00-12h00
Weekend vum 14 a 15 Mäerz mat Iwwernuechtung zu Lëltz an der Jugendherberge 
Freides den 20 Mäerz 2026 vun 17h00-21h00

Fir weider Infoen kënnt der Iech melden um 266299230 oder per E-Mail pantony@preizerdaul.lu 

Brevet A (Vakanzaktivitéiten)

Hei solls du:
* Op mannst 15 Joer hunn
* Keng Virkenntnesser néideg
* 2 Formatiounsweekender maachen
* Vakanzaktivitéiten mat gestalten
Datum:
07 – 08.03.2026
21 – 22.03.2026
Du kriss am Brevet A eng Basisformatioun an der Animatioun, Betreiung a Begleedung vu Kanner. Des Formatioun ass fir den Encadrement vu Kanner wärend Vakanzaktivitéiten geduecht. Mam Brevet A kanns du also nëmmen Dagesaktivitéiten, ouni Iwwernuechtunge betreien.
 
Formationswoche – “Formation Transfrontalière”

Im Ausbildungsmodul „Formation Transfrontalière“ der EVEA-Betreuerausbildung beschäftigen wir uns schwerpunktmäßig mit dem Thema interkulturelle Kompetenz:

INHALTE UND ZIELE DER AUSBILDUNG:
  • Menschen kennenlernen, die aus vier verschiedenen Ländern und Kulturkreisen kommen
  • Umgang mit Menschen erlernen, denen ich fremd bin, die mir fremd sind
  • Selbstwahrnehmung in fremden Situationen erlernen
  • Unterschiede erleben und sie als Vielfalt und Bereicherung verstehen
  • Respekt als Mittel zur Förderung eines friedlichen Zusammenlebens erkennen
  • Arbeiten in interkulturellen Betreuerteams erlernen
  • Konfliktlösungsstrategien anhand von Simulationsspielen erfahren
  • Kommunikation als Herausforderung internationaler Jugendarbeit erkennen und verstehen
  • Rechtliche Unterschiede über Grenzen hinweg erfahren
  • Erlebnispädagogik als Methode in interkulturellen Begegnungen kennenlernen
  • Sprachanimationen erleben und anwenden lernen

ABLAUF DER SEMINARWOCHE:
  • Ihr werdet mit jungen Menschen aus Belgien, Frankreich, Luxemburg und Deutschland zusammentreffen und gemeinsam etwas über die spezielle Situation bei internationalen und interkulturellen Projekten erfahren.
  • Dies geschieht sowohl theoretisch als auch durch praktische Methoden und Übungen auf der Basis eines „learning by doing“.
  • Die Sprachgrenzen überwindet ein professioneller Simultanübersetzer (deutsch/französisch), welcher die Gruppe während der gesamten Begegnung begleitet.

Formation Brevet A

🇫🇷 Tu veux devenir animateur·rice ?
La maison des jeunes propose la formation Brevet d’Animateur A ! 🎉 Apprends à encadrer et animer des groupes d‘enfants et créer des projets.
💼 Avec ce certificat reconnu, tu pourras aussi travailler pendant les vacances ! ☀️
📩 Infos & inscriptions à la MDJ Sandweiler!
🇱🇺 Wëlls du Animateur ginn?
D‘Jugendhaus bitt d’Formatioun Brevet d’Animateur A un! 🎉 Léier Gruppen ze encadréieren, Aktivitéiten ze animéieren a Projeten ze entwéckelen.
💼 Mat dësem Zertifikat kanns du och an de Vakanzen schaffen! ☀️
📩 Infos & Umeldung am Jugendhaus Sandweiler!
🇩🇪 Du willst Animateur werden?
Das Jugendhaus bietet die Ausbildung Brevet d’Animateur A an! 🎉 Lerne Gruppen zu leiten, Aktivitäten zu animieren und Projekte umzusetzen.
💼 Mit diesem anerkannten Zertifikat kannst du auch in den Ferien arbeiten! ☀️
📩Infos & Anmeldung im Jugendhaus Sandweiler!
🇬🇧 Want to become a youth animator?
The Youth House offers the Brevet d’Animateur A training! 🎉 Learn how to lead groups, organize activities and create projects.
💼 With this certified certificate, you can also work during the holidays! ☀️
📩 Info & registration at the Youth House Sandweiler!

Formatioun Animateur A (2. Deel)

D’Gemeng Schëffleng proposéiert och 2024 an Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus
dës Formatioun.
Domat kann ee spéider als Animateur un
Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher an de Schoulvakanzen deelhuelen
an zesumme mat de Responsabelen Aktivitéiten organiséieren,
duerchféieren an d’Participante begleeden. D’Formatioun gëtt vum Service National de la Jeunesse zertifiéiert a fënnt zu Schëffleng an an der Ëmgéigend statt.
Datumer 2025:
01.-02. an 29.-30. Mäerz (jeweils mat Iwernuechtung)

Teamdag 07. Juni
Plus 2 Deeg Ministage am Schëfflenger Jugendhaus, d’Datumer heifir gi mam Animateur zesumme festgeluecht.
Umeldung bis de 15 . Februar info@schefflenger-jugendhaus.lu
Ziller
D’Animateuren,
déi d’Formatioun duerchlaaf hun, sollen:
·
e Grupp vu Jugendlechen altersgerecht encadréiere kënnen.
·
Risike vun Aktivitéiten aschätzen a fir Secherheet suerge kënnen.
·
mat Konflikter am Grupp ëmgoe kënnen.
·
hier Roll als Animateur kennen an als Firbild fungéiere kënnen.
·
Eegeninitiativ ergräifen an eegestänneg schaffe kënnen.
·
Handlungsméiglechkeeten a konkrete Situatioune kennegeléiert hunn.
·
déi aaner Animateure, mat deenen se wärte schaffen, kennegeléiert a mat hinnen am
Team geschafft hunn.
·
vertraut si mat den Aktivitéiten, déi an deem jeeweilege Joer ugebuede ginn.
Zillgrupp: Schüler a Studenten am Alter vun 16-26 Joer.
[1] Fir d’Konzept méi lieserlech ze
gestalten, verzichte mir am Text op déi weiblech Form.

Formatioun Animateur A (1. Deel)

D’Gemeng Schëffleng proposéiert och 2025 an Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus
dës Formatioun.
Domat kann ee spéider als Animateur un
Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher an de Schoulvakanzen deelhuelen
an zesumme mat de Responsabelen Aktivitéiten organiséieren,
duerchféieren an d’Participante begleeden. D’Formatioun gëtt vum Service National de la Jeunesse zertifiéiert a fënnt zu Schëffleng an an der Ëmgéigend statt.
Datumer 2025:
01. a 02. Mäerz (mat Iwernuechtung)
29. a 30. Mäerz (mat Iwernuechtung)
Teamdag 07. Juni
Plus 2 Deeg Ministage am Schëfflenger Jugendhaus, d’Datumer heifir gi mam Animateur zesumme festgeluecht.
Umeldung bis de 15. Februar info@schefflenger-jugendhaus,lu
Ziller
D’Animateuren,
déi d’Formatioun duerchlaaf hun, sollen:
·
e Grupp vu Jugendlechen altersgerecht encadréiere kënnen.
·
Risike vun Aktivitéiten aschätzen a fir Secherheet suerge kënnen.
·
mat Konflikter am Grupp ëmgoe kënnen.
·
hier Roll als Animateur kennen an als Firbild fungéiere kënnen.
·
Eegeninitiativ ergräifen an eegestänneg schaffe kënnen.
·
Handlungsméiglechkeeten a konkrete Situatioune kennegeléiert hunn.
·
déi aaner Animateure, mat deenen se wärte schaffen, kennegeléiert a mat hinnen am
Team geschafft hunn.
·
vertraut si mat den Aktivitéiten, déi an deem jeeweilege Joer ugebuede ginn.
Zillgrupp: Schüler a Studenten am Alter vun 16-26 Joer.
[1] Fir d’Konzept méi lieserlech ze
gestalten, verzichte mir am Text op déi weiblech Form.

FORMATION ANIMATEUR BREVET A (PARTIE 2)

📢 ANIMATEUR “A” FORMATIOUN 2025 📢
🤓 Du bass groussjäreg a wëlls Animateur ginn
🎨 Vakanzenaktivitéite begleeden
🏕️ oder mat Kanner a Jonker a Kolonien goen ?
🙌 Da maach elo d’Formatioun zum Animateur !
✔️ Dës Formatioun ass fir de Brevet vum Animateur A.
Fir dee Brevet ze kréien, muss een déi 2 WE matmaachen.
De prakteschen Deel muss am Kader vu Vakanzenaktivitéiten an der Gemeng Esch (Waldschoul, Service Jeunesse oder Maison Relais) gemaach ginn.
🆓 D’Formatioun ass GRATIS !
📆 Wéini? 01-02 & 15-16 Mäerz 2025
📍 Wou? Esch-sur-Alzette
✍️ Schreif dech bis den 22/11/2024 an : https://formulaires.esch.lu/BrevetAnimteurA

FORMATION ANIMATEUR BREVET A (PARTIE 1)

Och dësst Joer bidde mir rëm eng Animateur A Formatioun un.
Terminer:
Freides 14 Mäerz 2025 vu 17h00-22h00
Samschdes 15 Mäerz 2025 vun 8h00-12h00
Freides 21 Mäerz 2025 vu 17h00-21h00
Weekend zu Lëltz vu Samschdes 29 Mäerz 2025 8h00 – Sonndes 30 Mäerz 2025 12h00