Dës Formatioun riicht sech un Animateuren & Animatricen, a Personal aus der non-formaler Bildung, déi Wëlles hunn, Formateur/Formatrice fir Animateur Formatiounen ze ginn.
Theme vun dëser Formatioun sinn ënner anerem non-formal Bildung, gesetzlech Basis, Hëllefsmëttel fir Animateuren a Formatiounstechniken.
Konditioun: Brevet C, 18 Joer an eng grouss Erfahrung als Animateur/Animatrice oder en Diplom am sozio-edukative Beräich hunn (Éducateur, Éducateur gradué, Pädagog, etc.).
Dës Formatioun dauert vun 09:00 bis 18:00 Auer.
Fir de Brevet F sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:
- 17 praktesch Stonnen
Fir Personal aus der non-formaler Bildung: Dës Formatioun ass validéiert als Formation Continue. Bei Ärer Inscriptioun ass et wichteg Är professionell E-Mail an bei "Notes" d'ID-Nummer vun Ärer Struktur unzeginn, domat mir erkennen, datt et sech bei Iech ëm eng Struktur aus dem non-formale Bildungsberäich handelt.