Animateur Brevet A – Elisabeth Jeunesse 2026

Maach eng Ausbildung zum Animateur an begeleed duerno Vakanzenaktivitéiten an Nomëtteger a sammel eemoleg Erfarungen.
Plu Valu vum Brevet Animateur: Dagesaktivitéiten fir Kanner a Jugendlecher begleeden, Deel vum Team Animateur vun elisabeth Jeunesse ze sinn, Méiglechkeet Täschegeld ze verdéngen

Nom erfollegräichen Ofschloss vun der Formatioun kriss du een Zertifikat „Brevet Animateur“ vum Minister ënnerschriwwen. Bei elisabeth Jeunesse kanns du uschléissend och een Animateurkontrakt kréien an u villfältegen Aktivitéiten, Projeten an Vakanzen deelhuelen.
D’Formatioun beinhaltet een « Theoreteschen » Deel (30St.) » an ee « Prakteschen » Deel/Stage (20St.) an ass OUNI Iwwernuechtung.

Animateur Brevet B – Elisabeth Jeunesse –2026

Déi ganz 4 Deeg (02.11-05.11) si mat obligatorescher Iwwernueschtung um Site plus ee Weekend (28&29.11.2026) mat Iwwernueschtung.
Maach eng Ausbildung zum Animateur an begeleed duerno Vakanzenkolonien, Campen an sammel eemoleg Erfarungen.
Plusvalue vum Brevet Animateur: Dagesaktivitéiten, Campen a Kolonien fir Kanner a Jugendlecher begleeden, Deel vum Team Animateur vun Elisabeth Jeunesse ze sinn, Méiglechkeet Täschegeld ze verdéngen.
Nom erfollegräichen Ofschloss vun der Formatioun kriss du een Zertifikat „Brevet Animateur“ vum Minister ënnerschriwwen. Bei Elisabeth Jeunesse kanns du uschléissend och een Animateurkontrakt kréien an u villfältegen Aktivitéiten, Projeten an Vakanzen ganz flexibel deelhuelen.
D’Formatioun beinhalt een « Theoreteschen » Deel (75St.) » an ee « Prakteschen » Deel a Form vun engem Stage/Colonie mat Virbereedungszäite. (75St.)

Formation Brevet A

🇫🇷 Tu veux devenir animateur·rice ?
La maison des jeunes propose la formation Brevet d’Animateur A ! 🎉 Apprends à encadrer et animer des groupes d‘enfants et créer des projets.
💼 Avec ce certificat reconnu, tu pourras aussi travailler pendant les vacances ! ☀️
📩 Infos & inscriptions à la MDJ Sandweiler!
🇱🇺 Wëlls du Animateur ginn?
D‘Jugendhaus bitt d’Formatioun Brevet d’Animateur A un! 🎉 Léier Gruppen ze encadréieren, Aktivitéiten ze animéieren a Projeten ze entwéckelen.
💼 Mat dësem Zertifikat kanns du och an de Vakanzen schaffen! ☀️
📩 Infos & Umeldung am Jugendhaus Sandweiler!
🇩🇪 Du willst Animateur werden?
Das Jugendhaus bietet die Ausbildung Brevet d’Animateur A an! 🎉 Lerne Gruppen zu leiten, Aktivitäten zu animieren und Projekte umzusetzen.
💼 Mit diesem anerkannten Zertifikat kannst du auch in den Ferien arbeiten! ☀️
📩Infos & Anmeldung im Jugendhaus Sandweiler!
🇬🇧 Want to become a youth animator?
The Youth House offers the Brevet d’Animateur A training! 🎉 Learn how to lead groups, organize activities and create projects.
💼 With this certified certificate, you can also work during the holidays! ☀️
📩 Info & registration at the Youth House Sandweiler!

Modul 2.2. Digital duerch d’Kolonie

Wéi reagéiers du, wann et op der Kolonie zu digitale Problemer kënnt?

Op eisem Formatiounsweekend dréint sech alles ëm den digitalen Ëmgang an d’Präventioun am Kontext vun digitale Medien. Zesumme kucke mir, wéi een als Animateur richteg reagéiert.

Mell dech un a gëff Deel vun enger Generatioun vun Animateuren, déi och online de richtege Wee fannen!

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dëse Formatiounsweekend gehéiert zum Modul 2 “Wuelbefannen am Fokus”

Fir de Brevet B sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formation de base
  • Formatiounswoch Brevet B
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 1
  • 50 praktesch Stonnen

Formatiounswoch fir aide-animateur/trice 2026

Wéi organiséieren ech eng Kolonie? (Wanter)

Eng Aktivitéit als Responsabel/Campchef (Camp/Kolonie/Weekend) beim SNJ/GA organiséieren; wat kënnt do op mech duer?

Dës Formatioun gëtt dir en Abléck an de Pabeierkrich, déi engagéiert Responsabilitéiten, d’Zesummesetzen an d’Leede vum Staff an d’Entwécklung vu Konzepter a Strukturen fir deng Aktivitéit ze plangen an duerchzeféieren.

Mir werfen och e Bléck op dat ganzt Material wat sou op enger Aktivitéit zesummekënnt.

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Konditioun: Brevet C, 18 Joer an eng grouss Erfarung als Animateur/Animatrice

Fir de Brevet E sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • 17 praktesch Stonnen

Wéi organiséieren ech eng Kolonie? (Summer)

Modul 2.3. Brainfood & Bodycheck

Vum Trëppeltour duerch de Bësch bis Vëlo fueren – probéier och selwer aus, wéi Beweegung mat wéinegen einfache Spiller an Aktivitéiten Spaass ka maachen, a bau dir e Methode Koffer op, fir selwer dës Thematiken op enger Kolonie mat Kanner oder Jugendlecher unzegoen.

Industriejunkfood war gëschter! Fann eraus, firwat et fir dech an d’Welt smart ass, dech genossvoll nohaltech z’ernähren. Fidder däi Gehier mat Wëssen iwwert lokal a saisonal Bioproduiten, déi fair produzéiert sinn an och nach gutt schmaachen.
 
Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dës aktiv Formatioun fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Equipement dobäi hunn: wierder fest a sportlech Kleedung a Wanderschong.

Dëse Formatiounsweekend gehéiert zum Modul 2 “Wuelbefannen am Fokus”

Fir de Brevet B sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formation de base
  • Formatiounswoch Brevet B
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 1
  • 50 praktesch Stonnen

Modul 4.2. Fit fir däin Atelier

Op dësem Weekend kriss du vill nei originell Iddien fir Atelieren. Et gëtt geschnëppelt, gepecht, Rezepter a verréckt Sportaarten ausprobéiert bis et net méi geet.

Hei gesäis du wéi een sou eng Aktivitéit opbaut a kriss vill Tipps an Tricks mat op de Wee.

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dëse Formatiounsweekend gehéiert zum Modul 4 “Kreativitéits Labo”

Fir de Brevet C sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formatiounswoch Brevet C
  • 3 Formatiounsweekender:
    à 1 Formatiounsweekend vum Modul 3
    à Nach 1 Formatiounsweekend vum Modul 3 oder Modul 4
  • 50 praktesch Stonnen

Modul 1.1. Spillzäit! – Kreativ Iddien fir déi Klengst

Oh nee! Déi Kanner sinn dach vill ze kleng… wat kann ech wuel mat deene maachen?

Op dëser Formatioun léiers du Spiller, Lidder, Dänz a Gebastels, déi och déi kléng Butze fäerdeg bréngen. Du léiers dech op Aktivitéiten mat Iwwernuechtung ze spezialiséieren, bei deenen d’Participanten ab 4 Joer kënnen dobäi sinn.

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dëse Formatiounsweekend gehéiert zum Modul 1 “Spillwelt Gestaltung”

Fir de Brevet B sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formation de base
  • Formatiounswoch Brevet B
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 2
  • 50 praktesch Stonnen

Formatiounswoch Brevet C

Duerch deng Erfarung als Animateur/Animatrice mam Brevet B, kënne mir wärend der Formatiounswoch vum Brevet C vill méi intensiv ob deng Verantwortung a Verpflichtungen agoen. Wärend dëser Formatioun thematiséiere mir de Volet vun der Kommunikatioun, vun der Gruppen Dynamik an awer och vu schwieregen Situatiounen, déi op enger Kolonie oder engem Camp virkomme kënnen.

Zesummen mat dengem Formatiounsteam gëtt verstäerkt geléiert, wéi een dono mat méi Responsabilitéit op enger Aktivitéit mat Iwwernuechtung täteg ass an zesummen an enger Equipe vun Animateuren/Animatricen Spiller, Atelieren oder och Ausflich plange kann.

Wärend dëser Formatioun fënnt och déi obligatoresch Kiche Formatioun “Les bonnes pratiques d'hygiène HACCP dans le secteur Horeca” statt, déi ee brauch fir spéiderhin op enger Kolonie oder engem Camp an der Kach Equipe ze sinn.

Konditioun: Brevet B, 17 Joer hunn

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dës Formatioun fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Equipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Schong.

Fir de Brevet C sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • 1 oder 2 Formatiounsweekender vum Modul 3
  • 1 oder 2 Formatiounsweekender vum Modul 4
  • 50 praktesch Stonnen

Formatioun fir Formateuren (Hierscht)

Dës Formatioun riicht sech un Animateuren & Animatricen, a Personal aus der non-formaler Bildung, déi Wëlles hunn, Formateur/Formatrice fir Animateur Formatiounen ze ginn.

Theme vun dëser Formatioun sinn ënner anerem non-formal Bildung, gesetzlech Basis, Hëllefsmëttel fir Animateuren a Formatiounstechniken.

Konditioun: Brevet C, 18 Joer an eng grouss Erfahrung als Animateur/Animatrice oder en Diplom am sozio-edukative Beräich hunn (Éducateur, Éducateur gradué, Pädagog, etc.).

Dës Formatioun dauert vun 09:00 bis 18:00 Auer.

Fir de Brevet F sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • 17 praktesch Stonnen

Fir Personal aus der non-formaler Bildung: Dës Formatioun ass validéiert als Formation Continue. Bei Ärer Inscriptioun ass et wichteg Är professionell E-Mail an bei "Notes" d'ID-Nummer vun Ärer Struktur unzeginn, domat mir erkennen, datt et sech bei Iech ëm eng Struktur aus dem non-formale Bildungsberäich handelt.

Formatiounswoch Brevet B (Allerhellegen)

Wärend der Formatiounswoch Brevet B kriss du verdéift Basiswëssen als Animateur/Animatrice bäibruecht, fir och Aktivitéiten mat Iwwernuechtungen kënnen ze betreien. Mir hëllefen dir ee Spill Repertoire op ze bauen, dech sécher ze fillen fir ee Spill oder en Atelier ze betreien an dir och denger Verantwortung als Animateur/Animatrice bewosst ze ginn.

Duerch eng Praxis orientéiert Formatioun kriss du gewisen, wéi een an enger Equipe schafft, wat fir Sécherheetsaspekter a verschiddenen Situatiounen wichteg sinn an ob wéi eng Detailer een als Animateur/Animatrice oppasse muss.

Wanns du Loscht hues mat anere motivéierte Jonken ze léieren, wéi ee Kanner a Jugendlechen eng onvergiesslech Zäit bitt, da bass du op dëser Woch genau richteg!
 
Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch
     
Dës Formatiounswoch fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Equipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Wanderschong.

Fir de Brevet B sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formation de base
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 1
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 2
  • 50 praktesch Stonnen

Formation de base (octobre)

D'Formation de base ass fir all Jonken, dee beim SNJ de Brevet A an/oder de Brevet B maache wëll, fir wärend de Vakanz-Sportsaktivitéiten vun eiser Equipe “Sport Erliewen” oder wärend Kolonien a Summer Camps ze schaffen. Op dëser Formatioun léiers Du d'Grondlage fir ee Grupp z'encadréieren, alles zum Thema Sécherheet a Präventioun an och Animatiounstechniken. Duerch interaktiv Aufgaben an een theoreteschen Input gëss du drop virbereet ee Grupp Kanner oder Jugendlecher wärend enger Aktivitéit ze begleeden an d'Responsabilitéit fir si ze huelen.
 
Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt vun 09:00 bis 18:00 Auer statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

D'Formation de base gëllt als obligatoresch Formatioun fir de Brevet A an de Brevet B.

Fir de Brevet A sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formatiounsweekend “Animateur A”
  • 25 praktesch Stonnen
     
Fir de Brevet B sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formatiounswoch Brevet B
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 1
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 2
  • 50 praktesch Stonnen

Formation de base (septembre)

Formation de base (septembre – samedi)

Modul 3.1. Konstruktiounen bei der Sauer

Wanns du schonn ëmmer wësse wolls, wéi een op engem Camp oder enger Kolonie flott a sécher Konstruktioune mat a fir d’Kanner baue kann, da bass du op dësem Weekend genee richteg !

Mir léiere verschidde Kniet a bauen niewent enger grousser Konstruktioun aus Holz och e Biwak. Owes loosse mir den Dag gemittlech ronderëm e Lagerfeier auskléngen.

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dës Formatioun fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Equipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Schong.

Dëse Formatiounsweekend gehéiert zum Modul 3 “Sécherheet a Präventioun”

Fir de Brevet C sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formatiounswoch Brevet C
  • 3 Formatiounsweekender:
    à 1 Formatiounsweekend vum Modul 4
    à Nach 1 Formatiounsweekend vum Modul 3 oder Modul 4
  • 50 praktesch Stonnen

Modul 4.1. Feier, Pan an Teamgeescht

Wéi schielen ech eng Ënn? Wat maachen ech, wann 120 Leit Honger hunn? Vun der einfacher Spaghetti, ee Saumon um Feier, bis bei de leckere Gaumenschmaus, Menüe fir Kanner, Kache mat Kanner. Ee Weekend fir Käch a Kiche Banausen – mir këmmeren eis och ëm d’Kachen um Feier, du kanns d’Rezepter an der Kichen oder dobaussen ausprobéieren.

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dës Formatioun fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Équipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Wanderschong.

Dëse Formatiounsweekend gehéiert zum Modul 4 “Kreativitéits Labo”

Fir de Brevet C sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formatiounswoch Brevet C
  • 3 Formatiounsweekender:
    à 1 Formatiounsweekend vum Modul 3
    à Nach 1 Formatiounsweekend vum Modul 3 oder Modul 4
  • 50 praktesch Stonnen

Formation de base (juin – samedi)

D'Formation de base ass fir all Jonken, dee beim SNJ de Brevet A an/oder de Brevet B maache wëll, fir wärend de Vakanz-Sportsaktivitéiten vun eiser Equipe “Sport Erliewen” oder wärend Kolonien a Summer Camps ze schaffen. Op dëser Formatioun léiers Du d'Grondlage fir ee Grupp z'encadréieren, alles zum Thema Sécherheet a Präventioun an och Animatiounstechniken. Duerch interaktiv Aufgaben an een theoreteschen Input gëss du drop virbereet ee Grupp Kanner oder Jugendlecher wärend enger Aktivitéit ze begleeden an d'Responsabilitéit fir si ze huelen.
 
Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt vun 09:00 bis 18:00 Auer statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

D'Formation de base gëllt als obligatoresch Formatioun fir de Brevet A an de Brevet B.

Fir de Brevet A sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formatiounsweekend “Animateur A”
  • 25 praktesch Stonnen
     
Fir de Brevet B sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formatiounswoch Brevet B
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 1
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 2
  • 50 praktesch Stonnen

Formatioun fir Formateuren (Summer)

Dës Formatioun riicht sech un Animateuren & Animatricen, a Personal aus der non-formaler Bildung, déi Wëlles hunn, Formateur/Formatrice fir Animateur Formatiounen ze ginn.

Theme vun dëser Formatioun sinn ënner anerem non-formal Bildung, gesetzlech Basis, Hëllefsmëttel fir Animateuren a Formatiounstechniken.

Konditioun: Brevet C, 18 Joer an eng grouss Erfahrung als Animateur/Animatrice oder en Diplom am sozio-edukative Beräich hunn (Éducateur, Éducateur gradué, Pädagog, etc.).

Dës Formatioun dauert vun 09:00 bis 18:00 Auer.

Fir de Brevet F sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • 17 praktesch Stonnen

Fir Personal aus der non-formaler Bildung: Dës Formatioun ass validéiert als Formation Continue. Bei Ärer Inscriptioun ass et wichteg Är professionell E-Mail an bei "Notes" d'ID-Nummer vun Ärer Struktur unzeginn, domat mir erkennen, datt et sech bei Iech ëm eng Struktur aus dem non-formale Bildungsberäich handelt.

Formatiounswoch Brevet B (Päischten)

Wärend der Formatiounswoch Brevet B kriss du verdéift Basiswëssen als Animateur/Animatrice bäibruecht, fir och Aktivitéiten mat Iwwernuechtungen kënnen ze betreien. Mir hëllefen dir ee Spill Repertoire op ze bauen, dech sécher ze fillen fir ee Spill oder en Atelier ze betreien an dir och denger Verantwortung als Animateur/Animatrice bewosst ze ginn.

Duerch eng Praxis orientéiert Formatioun kriss du gewisen, wéi een an enger Equipe schafft, wat fir Sécherheetsaspekter a verschiddenen Situatiounen wichteg sinn an ob wéi eng Detailer een als Animateur/Animatrice oppasse muss.

Wanns du Loscht hues mat anere motivéierte Jonken ze léieren, wéi ee Kanner a Jugendlechen eng onvergiesslech Zäit bitt, da bass du op dëser Woch genau richteg!
 
Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch
     
Dës Formatiounswoch fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Equipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Wanderschong.

Fir de Brevet B sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formation de base
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 1
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 2
  • 50 praktesch Stonnen

Modul 3.2. Sécher op den Hike

De Wee mat der Kaart a mam Kompass fannen, sech ee Biwak dobaussen opriichten, fir kënnen dréchen ze schlofen, wësse wat ee wéi dobausse kache kann, op wat een oppasse muss beim Organiséiere vun engem Hike a wéi een sou eng Aktivitéit richteg flott a sécher maache kann, alles dat gëss du hei gewuer !

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung dobaussen statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dës Formatioun fënnt ganz dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Equipement dobäi hunn: waarm a wierderfest Kleedung a Wanderschong, e Wander Rucksak, e Schlofsak, eng Isomatte an eng Gamelle mat Läffelsgeschier.

Dëse Formatiounsweekend gehéiert zum Modul 3 “Sécherheet a Präventioun”

Fir de Brevet C sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formatiounswoch Brevet C
  • 3 Formatiounsweekender:
    à 1 Formatiounsweekend vum Modul 4
    à Nach 1 Formatiounsweekend vum Modul 3 oder Modul 4
  • 50 praktesch Stonnen

Formation de base (mai)

D'Formation de base ass fir all Jonken, dee beim SNJ de Brevet A an/oder de Brevet B maache wëll, fir wärend de Vakanz-Sportsaktivitéiten vun eiser Equipe “Sport Erliewen” oder wärend Kolonien a Summer Camps ze schaffen. Op dëser Formatioun léiers Du d'Grondlage fir ee Grupp z'encadréieren, alles zum Thema Sécherheet a Präventioun an och Animatiounstechniken. Duerch interaktiv Aufgaben an een theoreteschen Input gëss du drop virbereet ee Grupp Kanner oder Jugendlecher wärend enger Aktivitéit ze begleeden an d'Responsabilitéit fir si ze huelen.
 
Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt vun 09:00 bis 18:00 Auer statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

D'Formation de base gëllt als obligatoresch Formatioun fir de Brevet A an de Brevet B.

Fir de Brevet A sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formatiounsweekend “Animateur A”
  • 25 praktesch Stonnen
     
Fir de Brevet B sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • Formatiounswoch Brevet B
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 1
  • 1 Formatiounsweekend vum Modul 2
  • 50 praktesch Stonnen

Formation de base (janvier)

Animateur A (Wanter 2025)

Du wëlls léiere wéi ee Spiller, Bastel Aktivitéiten oder Owes Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher wärend Vakanzenaktivitéiten oder an engem Jugendhaus organiséiert a wat fir eng Optiounen een do iwwerhaapt huet? Oder du wëlls wësse wéi een a verschiddenen Situatiounen sech soll verhalen a wat engem Animateur/enger Animatrice mam Brevet A seng Responsabilitéite sinn? Da mell dech u fir dëse Weekend vum Brevet A vun deems du garantéiert vill léiers a mat heem hëls.

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dës Formatioun fënnt vill dobausse statt an d'Participante mussen dat néidegt Equipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Schong.