Des Formatioun ass fir erfuerenen Animateure, fir kennen d’Formatioune fir de Brevet vum Animateur selwer ze halen. Theorie hält de SNJ an d’Praxis méchs du béi eis.
formations@youngcaritas.lu
https://animateur.snj.lu/event/formatioun-fir-formateuren-frijoer
Statut: Open
Formationswoche – “Formation Transfrontalière”
- Menschen kennenlernen, die aus vier verschiedenen Ländern und Kulturkreisen kommen
- Umgang mit Menschen erlernen, denen ich fremd bin, die mir fremd sind
- Selbstwahrnehmung in fremden Situationen erlernen
- Unterschiede erleben und sie als Vielfalt und Bereicherung verstehen
- Respekt als Mittel zur Förderung eines friedlichen Zusammenlebens erkennen
- Arbeiten in interkulturellen Betreuerteams erlernen
- Konfliktlösungsstrategien anhand von Simulationsspielen erfahren
- Kommunikation als Herausforderung internationaler Jugendarbeit erkennen und verstehen
- Rechtliche Unterschiede über Grenzen hinweg erfahren
- Erlebnispädagogik als Methode in interkulturellen Begegnungen kennenlernen
- Sprachanimationen erleben und anwenden lernen
- Ihr werdet mit jungen Menschen aus Belgien, Frankreich, Luxemburg und Deutschland zusammentreffen und gemeinsam etwas über die spezielle Situation bei internationalen und interkulturellen Projekten erfahren.
- Dies geschieht sowohl theoretisch als auch durch praktische Methoden und Übungen auf der Basis eines „learning by doing“.
- Die Sprachgrenzen überwindet ein professioneller Simultanübersetzer (deutsch/französisch), welcher die Gruppe während der gesamten Begegnung begleitet.
Brevet B – EVEA – Modul II (vun III)
- Gruppenpädagogik
- Kennenlernen
- Animation durch Spiele
- Interkulturalität und Diversität
- Selbstorganisation
- Kooperation und Vertrauen
- Konflikte und Lösungsstrategien
- Evaluation und Feedback
- Selbstorganisation
Theater op der Kolonie
Geschichten a Theater hunn eng grouss Valeur op eise Kolonien. Fest encadréiert am Wocheplang suergen dës fir Identifikatioun a Spannung bei de Kanner. Wëlls du och léieren a probéieren, wourop et ukënnt op der Bühn ze stoen? Vu klasseschen Theater-Instrumenter, Improvisatioun bis zu engem Theaterstéck, op dësem Weekend as fir jidfereen eppes dobäi.
Nuetsraid
Mir trainéieren den Ëmgang mat Kaart a Kompass, léieren d'Funkprozedur a wenden dëst Wëssen an der nuecht un, bei enger Expeditioun déi sech gewäsch huet. Pak deng Täscheluucht un a lass!
Dës Formatioun fënnt dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Équipement dobäi hunn: waarm a wierderfest Kleedung a Wanderschung, e Schlofsak an eng Isomatte an eng Gamelle a Läffelsgeschir.
Formation de base (Brevet A et Brevet B) (Novembre)
D'Basis-Formatioun ass fir all Jonken, dee beim SNJ Animateur/Animatrice op de Kolonien a Summercamps wëll ginn. Op dëser Formatioun léiers Du d'Grondlagen fir ee Grupp z'encadréieren, Alles zum Thema Sécherheet an och Moderatiounstechniken. Duerch interaktiv Aufgaben an een theoreteschen Input gëss du drop virbereed ee Grupp Kanner oder Jugendlecher während enger Aktivitéit ze begleeden an d'Responsabilitéit fir si ze huelen.
D'Basisformatioun gëlt als obligatoresch Formatioun fir de Brevet A an de Brevet B.
De roude Fuedem (Weekend de base)
Geschichten an Theater hunn eng grouss Valeur op eise Kolonien. Fest encadréiert am Wocheplang suergen dës fir Identifikatioun a Spannung bei de Kanner, woubäi den Opbau vun der Story een essentielle Rôle anhëlt. Wëlls du wëssen, wéi een eng flott Geschicht schreift an zesumme setzt? Op dësem Weekend siche mir net nëmmen no engem roude Fuedem, mee mir luussen och hannert d'Kulissen. Zesumme kucke mir, wat et heescht eng Geschicht fir Kanner a Jugendlecher ze plangen, z‘organiséieren an ëmzesetzen
Formatiounswoch 2e Cycle
An dëser Woch gi mir op d’Roll vum Animateur an, mir behandelen Theme wéi Kommunikatioun a Gruppendynamik mat prakteschen Übungen, mir tauschen eis iwwer éischt praktesch Erfahrungen aus a mir léieren Notioune vun 1. Hëllef fir am Fall vun engem Accident oder enger Verletzung richteg reagéieren ze kënnen.
Conditioun : de Brevet B ofgeschloss hunn
Formatiounswoch 1er Cycle Allerhellegen
Wéi betreien an animéieren ech e Grupp Kanner? Wéi preparéieren a realiséieren ech e grousst Spill oder een Atelier? Wéi schaffen an ameséieren ech mech mat menge Co-Moniteuren? Wann s du dir all dës Froe stells, a Loscht hues mat anere motivéierte Jonken op eng praxisorientéiert Art a Weis ze léieren, wéi ee Kanner eng onvergiesslech Zäit bitt, da bass du op dëser Woch genau richteg!
Action am Mëllerdall
Du wëlls eng onvergiesslech Woch am Mëllerdall
verbréngen an an dräi verschiddene Jugendherberge
schlofen? Du hues Loscht, mat neien oder ale Frënn
méi relax a sportlech Aktivitéiten ze erliewen, wéi
Schlittschong, Vëlo, Geocaching an nach villes méi?
Da bass du hei genau richteg! Mir freeën eis drop,mat
dir de Mëllerdall ze entdecken.
Icebreakers
La destination de l’„Aletsch Arena“ rend tous les snowboardeurs et skieurs heureux. 104km de pistes préparées se composent de la Riederalp, Bettmeralp et Fiescheralp-Eggishorn.
Sur une hauteur de 2869 mètres nous avons neige garantie de décembre jusqu`en avril. Amuse-toi dans les snowparcs, halfpipes ou les pistes freeride.
Nous t’attendons !