Kachen, Brachen an d’Natur erliewen

Dës formatiouns-Weekend hunn mir an 2 Deeler gespléckt. Deen éischten Dag steet ganz am Prinzip vun der Erliefnespedagogie, An dëser Formatioun kriss du Iddien, wéi s du de  Kanner an der Kolonie op spillerescher Aart a Weis d’Natur kanns méi no bréngen, an esou Zesummenhalt an d’Kooperatioun am Grupp stäerks. Zesumme maache mir eis Gedanke wéi een Abenteuer an der Natur kann erliewen an dobäi onvergiesslech Erfarunge mécht. D’Natur bitt ee risegt Spillfeld a waart nëmmen drop entdeckt ze ginn. Mee… Wat ass iwwerhaapt en Abenteurer ?
Deen 2ten Dag steet ënnert dem Moto: Kachen ass u sech keng Konscht – wann een et da mat Jugenlechenzesummen op eemol fir eng ekipp vu x Leit soll maachen, kann een awer mol séier den Iwwerbléck verléieren. Dobäi kommen eng jett Hygiènesreegelen, déi ee muss anhalen. Op wat s du oppasse muss, wann s de an der Kolonie kachs, wéis de d’Akagen an d’Kachen nohalteg an ouni vill Verschwendung kanns gestalte, mee och wat déi gängegt Allergien a Regime alimentaire sinn, weisen mir dir op dësem Weekend – souwuel an der Theosie, wéi och an der Praxis.

Stressmanagment an Teambuilding

Eng Kolonie kann immens stresseg sinn. Och sech an enger Equipp fannen a matenee funktionéieren ass net ëmmer einfach. Wien kennt en net ? Stress… Wéi séier verfält ee vun enger Stresssituatioun an déi aner ? Stress kann iwwerall an zu all Moment poptrieden. Mee wéi kann ech mech gutt op esou Situatioune virbereeden ? Op dësem Weekend gesi mer, wéi dir iech scho Woche virun enger Kolonie optimal virbereede kënnt, an dir léiert är eegen Stress Ausléiser, -Verstäerker an -Reaktioune kennen. Am 2ten Deel vun der Formatioun befasse mir eis mam Thema Teambuilding. Wéi setzt sech eng Grupp zesummen. Wat kann ee maachen fir den Teamgeescht ze stäerken ? Wéi kann ee mat Konflikter am Grupp ëmgoen ? Unhand vu ville prakteschen Übungen gi mir Theme wéi Kooperatioun, Zesummenhalt, Kommunikatioun oder och Vertrauen an. Stressless, Peace & Love

Éischt-Hëllefs-Cours 2 Jour 2

Een Basis Éischt-Hëllefs-Cours vun 2 Deeg fir Jugendlecher ab 15 Joer !
Et kritt een en 1 Hëllef Diplom.
Fir den Éischt-Hëllefs-Cours kritt een keen Brevet Animateur.
Een oofgeschlossenen Éischt-Hëllefs-Cours as obligatoresch fir kennen un der Spezialisatioun Rescue Team (Brevet D) deelzehuelen.

Éischt-Hëllefs-Cours 2 Jour 1

Een Basis Éischt-Hëllefs-Cours vun 2 Deeg fir Jugendlecher ab 15 Joer !
Et kritt een en 1 Hëllef Diplom.
Fir den Éischt-Hëllefs-Cours kritt een keen Brevet Animateur.
Een oofgeschlossenen Éischt-Hëllefs-Cours as obligatoresch fir kennen un der Spezialisatioun Rescue Team (Brevet D) 
!Wichteg den 2. Dag ass den 11/05/2024!

Thema Sexualitéit

Mir schwätzen driwwer: Sexualitéit! Informatiounen, Diskussiounen, Ëmgang mam Thema Sexualitéit a geschlechtsspezifesche Rollenverständnisser. Op wat muss ech an der Kolonie mat Kanner a Jugendlechen oppassen ? Wéi soll ech als Moniteur/trice mat Themen ronderëm Kierper, Sexualitéit, Bezéiungen an Geschlecht ëmgoen ? Wou si meng Grenzen a wat ass meng Roll ?

Formatiounswoch Animateur/trice

An der Animateurs/trices – Formatiounswoch (Brevet C) kanns du deng Erfarungen an Erkenntnisser ënner Beweis stellen. D’ Formatiounswoch fir den Brevet C ass gans paxisorientéiert. Duerch den Austausch mat aner Moniteuren/tricen a Formateuren/tricen léiers du méi iwwer dech selwer kenne, a kanns erliefte Situatioune reflektéieren.
Am Fokus stinn Themen ewéi :
  • Gruppendynamik
  • Konfiktléisung
  • Kommunikatioun
  • Sécherheet
  • Responsabilitéit
  • Animatioun
  • Kooperatioun

Formatiounswoch Aide-Animateur/trice

Als Moniteur/trice an d’Kolonie ze fuere soll geléiert sinn. Op eiser Formatiounwoh léiers du unhand vu prakteschen Erfarunge weis du dech a verschidde Situatioune verhale solls. Engersäits steet d’Schaffen am Grupp an d’Virbereede vun Aktivitéiten am Fokus. Anerersäits gëss du alles iwwer Spiller, vun de Situatiounen, der Virbereedung, de Reegelen iwwer Duerchféierung bis hin zur Evaluatioun gewuer. Du léiers: 

  • Wéi organiséieren ech ee Spill ?
  • Wat maachen ech, wann en Kand mir net follegt ?
  • Wéi stellen ech ee Programm op ?
Zum Schluss vun der Woch solle keng Froe méi opstoen an du solls dech prett fille fir als Moniteur/trice duerch ze starten.

Animateur Brevet A – Elisabeth Jeunesse

Maach eng Ausbildung zum Animateur an begeleed duerno Vakanzenaktivitéiten an Nomëtteger a sammel eemoleg Erfarungen.
Plu Valu vum Brevet Animateur: Dagesaktivitéiten fir Kanner a Jugendlecher begleeden, Deel vum Team Animateur vun elisabeth Jeunesse ze sinn, Méiglechkeet Täschegeld ze verdéngen

Nom erfollegräichen Ofschloss vun der Formatioun kriss du een Zertifikat „Brevet Animateur“ vum Minister ënnerschriwwen. Bei elisabeth Jeunesse kanns du uschléissend och een Animateurkontrakt kréien an u villfältegen Aktivitéiten, Projeten an Vakanzen deelhuelen.

Formatioun Animateur A (1. Deel)

D’Gemeng Schëffleng proposéiert och 2024 an Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus
dës Formatioun.

Domat kann ee spéider als Animateur un
Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher an de Schoulvakanzen deelhuelen
an zesumme mat de Responsabelen Aktivitéiten organiséieren,
duerchféieren an d’Participante begleeden. D’Formatioun gëtt vum Service National de la Jeunesse zertifiéiert a fënnt zu Schëffleng an an der Ëmgéigend statt.

Datumer 2024:
  • 24. a 25. Februar
  • 23. a 24. Mäerz
  • Teamdag 18. Mee  
Plus 2 Deeg Ministage am Schëfflenger Jugendhaus, d’Datumer heifir gi mam Animateur zesumme festgeluecht.
 
Umeldung bis de 16. Februar per Mail
 
Ziller

D’Animateuren,
déi d’Formatioun duerchlaaf hun, sollen:
·
e
Grupp vu Jugendlechen altersgerecht encadréiere kënnen.
·
Risike
vun Aktivitéiten aschätzen a fir Secherheet suerge kënnen.
·
mat
Konflikter am Grupp ëmgoe kënnen.
·
hier
Roll als Animateur kennen an als Firbild fungéiere kënnen.
·
Eegeninitiativ
ergräifen an eegestänneg schaffe kënnen.
·
Handlungsméiglechkeeten
a konkrete Situatioune kennegeléiert hunn.
·
déi
aaner Animateure, mat deenen se wärte schaffen, kennegeléiert a mat hinnen am
Team geschafft hunn.
·
vertraut
si mat den Aktivitéiten, déi an deem jeeweilege Joer ugebuede ginn.
 
Zillgrupp: Schüler a Studenten
am Alter vun 16-26 Joer.
 
[1] Fir d’Konzept méi lieserlech ze
gestalten, verzichte mir am Text op déi weiblech Form.

Animateur Brevet B – Elisabeth Jeunesse

 Déi ganz Woch ass mat obligatorescher Iwwernueschtung um Site.
Maach eng Ausbildung zum Animateur an begeleed duerno Vakanzenkolonien, Campen an sammel eemoleg Erfarungen.
Plu Valu vum Brevet Animateur: Dagesaktivitéiten, Campen a Kolonien fir Kanner a Jugendlecher begleeden, Deel vum Team Animateur vun elisabeth Jeunesse ze sinn, Méiglechkeet Täschegeld ze verdéngen
Nom erfollegräichen Ofschloss vun der Formatioun kriss du een Zertifikat „Brevet Animateur“ vum Minister ënnerschriwwen. Bei elisabeth Jeunesse kanns du uschléissend och een Animateurkontrakt kréien an u villfältegen Aktivitéiten, Projeten an Vakanzen deelhuelen.

Animateur Brevet A – Elisabeth Jeunesse

Maach eng Ausbildung zum Animateur an begeleed duerno Vakanzenaktivitéiten an Nomëtteger a sammel eemoleg Erfarungen.
Plu Valu vum Brevet Animateur: Dagesaktivitéiten fir Kanner a Jugendlecher begleeden, Deel vum Team Animateur vun elisabeth Jeunesse ze sinn, Méiglechkeet Täschegeld ze verdéngen

Nom erfollegräichen Ofschloss vun der Formatioun kriss du een Zertifikat „Brevet Animateur“ vum Minister ënnerschriwwen. Bei elisabeth Jeunesse kanns du uschléissend och een Animateurkontrakt kréien an u villfältegen Aktivitéiten, Projeten an Vakanzen deelhuelen.

Perséinlech a Spirituelle Formatiounsweekend

Fir un dëser Formatioun kënnen deel ze huelen, muss een Member an engem lokalen Grupp vun den “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” sinn.

Dëss Formatioun ass en Deel vun der Formatioun vum 1. Zyklus wou mer eis mam Thema Engagement a Spiritualitéit bei den LGS ausernee sëtzen.  
Mir machen dat am Kader vun enger NUETSWANDERUNG ( +- 20 km ) déi iwwer déi ganz Nuecht geet.
Ziler:
Mir entdecken a probéieren ze verstoe wat d’Spiritualitéit eigendlech ass, firwat d’Spiritualitéit bei de Guiden a Scouten esou wichteg ass, a wéi mer se do kënnen erliewen
Inhalt:
Matt Übungen, Atelieren a Gespréicher entdecke mer eppes wat eis am Fong dachs nët esou bewosst ass, dëst am Kader vun engem Fousstour vu +- 20 km duerch d’Nuecht.
Duerch déi speziell Ambiance vun der Nuecht an der fräier Natur wärt dëss Formatioun bei dir an Errënnerung bleiwen.

“STIP” – Stage d’initiation pratique (Deel 2) – Biber & Wëllefcher

Fir un dëser Formatioun kënnen deel ze huelen, muss een Member an engem lokalen Grupp vun den “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” sinn.

Formatioun vum 1. Zyklus fir déi zukünfteg Assistentcheffen bei de Biber an de Wëllefcher.

Ziler:
D’Cheftainen a Chef kréien dat néidegt Material an dat néidegt Wëssen fir de Kanner am Biber a Wëllefchersalter altersgerecht Aktivitéiten unzebidden.

Inhalt:
D’Method, Biber- a Wëllefchersaktivitéiten, Veilléen, …

“STIP” – STAGE D’INITIATION PRATIQUE : Avex

Fir un dëser Formatioun kënnen deel ze huelen, muss een Member an engem lokalen Grupp vun den “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” sinn.

Formatioun vum 1. Zyklus fir déi zukünfteg Assistent Avex Chef (ATC).

Ziler:
Deel vun der Formatioun zum Assistent Avex Chef (ATC).

Inhalt:
  • Avex Method
  • Scouts-Technik 
  • Animation
  •  a noch villes méi!

“STIP” – STAGE D’INITIATION PRATIQUE: RaRo

Fir un dëser Formatioun kënnen deel ze huelen, muss een Member an engem lokalen Grupp vun den “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” sinn.

Eisen STIP huet en Recamp kritt.
Mir bidden als Branche den ganzen eischten Zyklus un.
Dofir verdeelen mer den STIP op 3 Weekender an 3 Prepa-Owender. 
Deen eenzegen Weekend deen elo fix ass, ass eisen Methodendeel vum STIP.
Di aaner Weekender an Prepa-Owender plangen mer mat den Stipisten zesummen.
Mir hun awer eng Mindestufuerderung vun 5 Kandidaten. Dodrenner ass d’Formatioun net flott vir d’Participant’en, well mer dann eng 6 zu 1 Betreiung hun…
D’Unmeldungen sin op bis den 23. Dezember 2023. Dono kucken mir an der Ekipp ob mir den gesamten STIP emsetze kennen.
Dono schaffen mir mat iech zesummen di aaner Weekender an Versammlungen aus.

Formatiounsweekend Gruppechef/taine

Fir un dëser Formatioun kënnen deel ze huelen, muss een Member an engem lokalen Grupp vun den “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” sinn.
An dëser Formatioun leiers du weis du besser kanns op deng Chef a Cheftainen agoe kanns, weis du en Team aus dengem Grupperot mëss a wei een e Grupp soll feieren a geréieren.

Ziler:
Zil vun dëser Formatioun ass et, dass du deng Aarbecht kanns als Gruppechef/taine untrieden an déi Grupp esou gutt wei méiglech ënnerstëtzen.

Inhalt:
– Teambuilding
– Gerance vun engem Grupp
– Leede vun engem Grupp
– Nofolleg
– Bilan

Perséinlech a Spirituelle Formatiounsweekend

Fir un dëser Formatioun kënnen deel ze huelen, muss een Member an engem lokalen Grupp vun den “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” sinn.

Dëss Formatioun ass deen Deel vum 1. Zyklus vun der LGS-Formatioun, wou mer eis mamm Thema “eist Engagement an eis Spiritualitéit ” auseneesëtzen.

Ziler:
Mir entdecken a probéieren ze verstoe wat d’Spiritualitéit eigendlech ass, firwat d’Spiritualitéit bei de Guiden a Scouten esou wichteg ass, a wéi mer se do kënnen erliewen

Inhalt:
Matt Übungen, Atelieren a Gespréicher entdecke mer eppes wat eis am Fong dachs nët esou bewosst ass. Dodernieft bleift awer och Zäit fir Spill, Spass a gemittlëcht Zesummesinn.

1. PS-Weekend – PerséinlechSpirituell Formatioun

Administrativen Dag

Fir un dëser Formatioun kënnen deel ze huelen, muss een Member an engem lokalen Grupp vun den “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” sinn.
Den Administrativen Dag ass fir déi Leit geduecht déi am Alldag vum Grupp mat allerhand administrativen Demarchen vertraut solle ginn. Et ass eng Intro an déi eenzel Themegebidder wou d’Kandidate léiere solle wat et alles gëtt a wéi een domat emgeet.
Dëss Formatioun ass fir zukünfteg Gruppechef a fir soss Memberen déi interesséiert sinn hierem Grupp ze hëllefen.

Ziler:
D’Kandidate sollen herno kënnen autonom hirem Grupp bei deenen eenzelnen Theemaen hëllefen un d’Informatioune ze kommen an se ze verstoen.

Theemaen: 
– LGS-Assurancen
– Safe from Harm
– Naturschutzgesetz
– Administrativ Demarchen am Verband

“STAP” – Stage d’approfondissement pédagogique

Fir un dëser Formatioun kënnen deel ze huelen, muss een Member an engem lokalen Grupp vun den “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” sinn.
 
De “Stage d’Approfondissement Pédagogique” ass den “theoreteschen” Deel vum 2. Zyklus vun der Formatioun bei den LGS, fir eng Ernennung als Branchechef (Biberchef, Akela, Truppechef, Clanchef) an de Brevet Animateur C ze kréien. Dëse Formatiounscamp ass fir all d’Branchen zesummen an dauert 8 Deeg / 7 Nuechten.
 
Konditioune fir de STAP matzemaachen :
 
  • Member an engem lokalen Grupp vun den “LGS” sinn
  • op d’mannst 18 Joer al sinn
  • eng Ernennung als Assistent (den 1. Zyklus vun der Formatioun muss ofgeschloss sinn !)
  • alternativ: de Brevet Animateur B bei enger anerer Organisatioun + Methodendag bei enger LGS-Branche
Ziler:
 
Um Enn vun dëser Formatioun soll de Kandidat kënnen:
  •  eng Branchenunitéit (Famill, Ruddel, Trupp, Clan) an eng Chefekipp leeden
  • e Camp eng Aktivitéit vun 3 oder méi Nuechten organiséieren a leeden.

Formation Animateur A

Dës Formatioun ass fir Fräizäitaktivitéiten ouni Iwwernuechtung zb bei Spillnomëttiger oder Summeraktivitéiten geduecht awer och fir Aktivitéiten am Jugendhaus.
D’Formatioun besteet aus 50 Stonnen, dovunner 30 Stonnen Theorie an 20 Stonnen Praxis.
(entweder hudd dir schonn e Stage an enger Institutioun gemeet oder dir macht dësen virun oder Stonnen wärend de Summeraktivitéiten an aerer Gemeng.)
Déjéinig déi Summeraktivitéiten am Préizerdaul matmaachen kënnen de Stage an eiser Institutioun machen. 

Aktioun Bambësch 02 – 05.04.24

La formation comprendra:
  • un weekend de prise de contact (du 23 au 24 mars 2024, nuitée obligatoire incl.)
  • un stage pratique pendant l’Aktioun Bambësch Pâques (du 2 au 5 avril 2024)
  • un stage théorique d’une demi-journée (samedi) au CAPEL (date sera communiquée dans les meilleures délais)
  • un weekend de stage théorique à choisir par le candidat parmi l’offre du SNJ
  • 4 jours préparatoires pendant la semaine précédant l’Aktioun Bambësch en été  (du 16 au 19 juillet 2024)
  • un stage pratique pendant l’Aktioun Bambësch en été (du 22 juillet au 16 août 2024).
Les stages pratiques ainsi que les jours préparatoires de l’Aktioun Bambësch été, seront rémunérés.

Candidatures formation d’animateur B 
  • Pour postuler, tu dois présenter les documents suivants :
  • lettre de motivation (avec la référence suivante : forma-etud/capel) 
  • curriculum vitae 
  • certificat d’inscription auprès d’une école/université (2023-2024)
  • pour les candidats âgés ≥18 ans : extrait récent du casier judiciaire (bulletins n° 3 et n° 5)
  • relevé d’identité bancaire (RIB)
  • copie de la carte d’identité
  • photo récente
Le dossier de candidature, muni de toutes les pièces requises, est à adresser au Collège des bourgmestre et échevins L-2090 Luxembourg pour le 2 février 2024 au plus tard. 
Le secrétariat du CAPEL (tél.: 4796-2442, email : capel@vdl.lu), se tient à disposition pour de plus amples renseignements.

Formation de base (Mars)

D'Basis-Formatioun ass fir all Jonken, dee beim SNJ Animateur/Animatrice op de Kolonien a Summercamps wëll ginn. Op dëser Formatioun léiers Du d'Grondlagen fir ee Grupp z'encadréieren, Alles zum Thema Sécherheet an och Moderatiounstechniken. Duerch interaktiv Aufgaben an een theoreteschen Input gëss du drop virbereed ee Grupp Kanner oder Jugendlecher während enger Aktivitéit ze begleeden an d'Responsabilitéit fir si ze huelen.

D'Basisformatioun gelt als obligatoresch Formatioun fir de Brevet A an de Brevet B.
Dës Formatioun dauert vun 09:00 bis 18:00 Auer.

Formatiounswoch Brevet B (Ouschteren)

Wéi betreien an animéieren ech e Grupp Kanner während enger Aktivitéit mat Iwwernuechtungen? Wéi preparéieren a realiséieren ech e grousst Spill oder een Atelier? Wéi schaffen an ameséieren ech mech mat menge Co-Moniteuren? Wann’s du dir all dës Froe stells, a Loscht hues mat anere motivéierte Jonken op eng praxisorientéiert Art a Weis ze léieren, wéi ee Kanner eng onvergiesslech Zäit bitt, da bass du op dëser Woch genau richteg!

Dës Formatiounswoch fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Équipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Wanderschung.

Spill a Spaass fir déi Kléng

Oh nee! Déi Kanner sinn dach vill ze kleng, wat kann ech wuel mat deene maachen? Op dëser Formatioun léiers du Spiller, Lidder, Dänz a Gebastels, déi och déi kléng Butze fäerdeg bréngen.