Brevet E (Responsabel)

Hei solls du:• Op mannst 18 Joer hunn• De Brevet C vum Animateur hunn• Vill Kolonieerfarunge gesammelt hunn
 
Datum:
 
Datum:
 
18.-19.04.2026
14.-15.11.2026
 
 
 
Als Responsabel vun enger Kolonie muss een d’Haaptverantwortung iwwert de ganze Grupp iwwerhuelen, de Programm koordinéieren, d’Moniteursequipe zesummestellen a leeden, de Budget verwalten a villes méi.
Fir d’Formatioun vum Brevet E gëtt just eng limitéiert Unzuel vun Animateuren zougelooss. Fir Responsabel ze ginn, muss du virdrun iwwert e puer Joer Kolonieerfarunge gesammelt hunn.
Dës Weekender sinn ouni Iwwernuechtung.
 

Brevet B (Aide-Animateur)

Brevet C (Animateur)

Animateur B

L’administration
communale de la Ville de Luxembourg organisera pendant les mois de novembre 2025
à juin 2026 une formation « animateur
B »
.
 
La formation est
obligatoire pour toute personne qui désire travailler dans le cadre des
activités « S.d.S. Sport-Wochen » et « Kinnekswiss : Sport
et détente au cœur de la Ville » pendant les vacances d’été 2026.
 
Elle a comme
objectif de transmettre les connaissances et compétences nécessaires afin
d’encadrer, sous l’autorité d’un responsable, un groupe d’enfants et/ou de
jeunes et est clôturée par le brevet d’« animateur B » délivré par le
Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse.
 
La formation :
  • durée de 150 heures composée de cours
    théoriques et pratiques, ainsi que d’un stage d’au moins 40 heures dans le
    domaine du sport ;
  • la formation se déroulera pendant les
    jours de weekends et le stage en été 2026 ;
  • une
    séance d’information relative aux modalités organisationnelles sera
    organisée avant le début de la formation. La date et l’heure seront
    communiquées aux candidats en temps utile. 

Formation Brevet B

Vu Méinden, den 3. November 2025 bis Samschden, den 8. November, bitt den SEJ Hesper d’Formatioun vum Animateur Brevet B un. D’Formatioun fënnt zu Lëlz an der Jugendherberge statt an bitt dir d’Méiglechkeet duerno Vakanzekolonien,Campen an Dagesaktivitéiten mat Iwwernuechtungen ze begleeden an eemoleg Erfarungen ze sammelen.
Fir un dëser Formatioun deelzehuele muss du en ofgeschlossenen Brevet A hunn. D’Stonnen aus der Theorie an dem Stage vum Brevet A  ginn dir ugerechent, sou d’ass Formatiounen aus 50 Stonnen Theorie a 50 Stonne Praxis besteet.
De Contenue vun der Formatioun konzentréiert sech op eng méi déifgräifend Ausernanersetzung mat de pädagogeschen, organisatoreschen an verantwortlechen Aspekter vun Kolonien an Dagesaktivitéiten mat Iwwernuechtung. Aktivitéite plangen, Gruppendynamik, Sécherheet op der Kolonie, Teamgeescht an Villes méi sinn Themen, déi mir zesumme behandelen an dir dat néideg Wësse mat op de Wee ginn.
Dës Formatioun ass eng exzellent Méiglechkeet fir deng Fäegkeeten als Animateur auszebauen, néi Kompetenzen ze entwéckelen an an Zukunft spannend Projeten aktiv mat ze gestalten. 
Bass du bereet deng Verantwortung am Beräich vun der Animatioun ze verdéiwen, bass mat Spaass an Engagement bei der Saach, dann zéck net an mell dech un!

D’Formatiounssprooch ass Lëtzebuergesch.
min 16 Joer.

Animateur Brevet B – Elisabeth Jeunesse –2025

Déi ganz Woch ass mat obligatorescher Iwwernueschtung um Site.
Maach eng Ausbildung zum Animateur an begeleed duerno Vakanzenkolonien, Campen an sammel eemoleg Erfarungen.
Plusvalue vum Brevet Animateur: Dagesaktivitéiten, Campen a Kolonien fir Kanner a Jugendlecher begleeden, Deel vum Team Animateur vun Elisabeth Jeunesse ze sinn, Méiglechkeet Täschegeld ze verdéngen.
Nom erfollegräichen Ofschloss vun der Formatioun kriss du een Zertifikat „Brevet Animateur“ vum Minister ënnerschriwwen. Bei Elisabeth Jeunesse kanns du uschléissend och een Animateurkontrakt kréien an u villfältegen Aktivitéiten, Projeten an Vakanzen ganz flexibel deelhuelen.
D’Formatioun beinhalt een « Theoreteschen » Deel (75St.) » an ee « Prakteschen » Deel a Form vun engem Stage/Colonie mat Virbereedungszäite. (75St.)

Formatioun Animateur Brevet A

De Brevet A soll déi Jonk drop virbereeden Kanner oder Jonker wärend enger Fräizäitaktivitéit an ënner Opsicht vun engem Verantwortlechen ze betreien. Den Animateur ënnerstëtzt e Verantworleche bei enger Aktivitéit mat Kanner oder Jugendlechen. Am festgeluechten an zäitlech begrenzte Programm plangt a leet den Animateur eegestänneg eng bestëmmten Aufgab.
Programm:
D’Ausbildung besteet aus 25 Stonnen Theorie an 25 Stonne Stage, déi zu engem spéideren Zäitpunkt am Jugend- oder Kannerberäich muss absolvéiert ginn.

Am Mëttelpunkt vun dëser Ausbildung stinn:
  • Grondkenntnisser vun der Betreiung vu Kanner a Jugendlechen
  • Opbau an Ëmsetzung vun Aktivitéiten
  • Verantwortung vum Betreiungspersonal
  • Sécherheet wärend Aktivitéiten

Typesch Asazplazen
  • Fräizäitaktivitéite wärend der Summervakanz, déi vun de Gemengen oder Maison Relais organiséiert ginn.
  • Fräizäitaktivitéiten an a mat de Jugendhaiser, sief dat an de Vakanzen oder Weekends.

Formatiounswoch fir aide-animateur/trice 2025

Wéi organiséieren ech eng Kolonie?

Eng Aktivitéit als Responsabel (Camp/Kolonie/Weekend) beim SNJ/GA organiséieren; wat kënnt do op mech duer? Dëse Stage gëtt dir en Abléck an de Pabeierkrich, déi engagéiert Responsabilitéiten, d’Zesummesetzen an d’Leede vum Staff an d’Entwécklung vu Konzepter a Strukturen fir deng Aktivitéit ze plangen an duerchzeféieren. Mir werfen och e Bléck op dat ganzt Material wat sou op enger Aktivitéit zesummekënnt.

Konditioun: Brevet C, 18 Joer an eng grouss Erfahrung als Animateur/Animatrice

 

Fir de Brevet E sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:

  • 17 praktesch Stonnen

Brainfood & Bodycheck

Vum Trëppeltour duerch de Bësch bis Vëlo fueren – probéier och selwer aus, wéi Beweegung mat wéinegen einfache Spiller an Aktivitéiten Spaass ka maachen, a bau dir e Methode Koffer op, fir selwer dës Thematiken op enger Kolonie mat Kanner oder Jugendlecher unzegoen.

Industriejunkfood war gëschter! Fann eraus, firwat et fir dech an d’Welt smart ass, dech genossvoll nohaltech z’ernähren. Fidder däi Gehir mat Wëssen iwwert lokal a saisonal Bioproduiten, déi fair produzéiert sinn an och nach gutt schmaachen.

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dës aktiv Formatioun fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Équipement dobäi hunn: wierder fest a sportlech Kleedung a Wanderschung.

Fit fir däin Atelier

Op dësem Weekend kriss du vill nei originell Iddien fir Atelieren. Hei gëtt geschnëppelt, gepecht, Rezepter a verréckt Sportaarten ausprobéiert bis et net méi geet. Hei gesäis du wéi een sou eng Aktivitéit opbaut a kriss vill Tipps an Tricks mat op de Wee.

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Sport fir jiddereen

Net schonn erëm jogge goen… Wéi eng Alternative ginn et? Wéi kann ee Kanner a Jonken sportlech Aktivitéiten a Spiller op enger Kolonie schmackhaft maachen, déi villäicht am private Kontext Sportmuffelen sinn? Op dësem Formatiounsweekend vergréissers du däi Spill- a Methode Koffer am Beräich vun der Beweegung a vum Sport.

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dës Formatioun fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Équipement dobäi hunn: wierderfest sportlech Kleedung a Schung.

Formation de base (juin)

D'Basis-Formatioun ass fir all Jonken, dee beim SNJ Animateur/Animatrice op de Kolonien a Summercamps wëll ginn. Op dëser Formatioun léiers Du d'Grondlagen fir ee Grupp z'encadréieren, Alles zum Thema Sécherheet an och Moderatiounstechniken. Duerch interaktiv Aufgaben an een theoreteschen Input gëss du drop virbereed ee Grupp Kanner oder Jugendlecher während enger Aktivitéit ze begleeden an d'Responsabilitéit fir si ze huelen.

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt vun 09:00 bis 18:00 Auer statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

D'Basisformatioun gelt als obligatoresch Formatioun fir de Brevet A an de Brevet B.
 

Wéi organiséieren ech eng Kolonie?

Eng Aktivitéit als Responsabel (Camp/Kolonie/Weekend) beim SNJ/GA organiséieren; wat kënnt do op mech duer? Dëse Stage gëtt dir en Abléck an de Pabeierkrich, déi engagéiert Responsabilitéiten, d’Zesummesetzen an d’Leede vum Staff an d’Entwécklung vu Konzepter a Strukturen fir deng Aktivitéit ze plangen an duerchzeféieren. Mir werfen och e Bléck op dat ganzt Material wat sou op enger Aktivitéit zesummekënnt.

Konditioun: Brevet C, 18 Joer an eng grouss Erfahrung als Animateur/Animatrice

Formatiounswoch Brevet B Päischten

Wéi betreien an animéieren ech e Grupp Kanner während enger Aktivitéit mat Iwwernuechtungen? Wéi preparéieren a realiséieren ech e grousst Spill oder een Atelier? Wéi schaffen an ameséieren ech mech mat menge Co-Moniteuren? Wann’s du dir all dës Froe stells, a Loscht hues mat anere motivéierte Jonken op eng praxisorientéiert Art a Weis ze léieren, wéi ee Kanner eng onvergiesslech Zäit bitt, da bass du op dëser Woch genau richteg!

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dës Formatiounswoch fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Équipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Wanderschung.

Formation de base (mai)

D'Basis-Formatioun ass fir all Jonken, dee beim SNJ Animateur/Animatrice op de Kolonien a Summercamps wëll ginn. Op dëser Formatioun léiers Du d'Grondlagen fir ee Grupp z'encadréieren, Alles zum Thema Sécherheet an och Moderatiounstechniken. Duerch interaktiv Aufgaben an een theoreteschen Input gëss du drop virbereed ee Grupp Kanner oder Jugendlecher während enger Aktivitéit ze begleeden an d'Responsabilitéit fir si ze huelen.

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt vun 09:00 bis 18:00 Auer statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

D'Basisformatioun gelt als obligatoresch Formatioun fir de Brevet A an de Brevet B.
 

Grouss Spiller an der Stad

Wat kënne mer mat de Kanner de Mëtte maachen? Eng Aktivitéit fir d'ganz Kolonie? Iwwert de ganzen Dag? E Spill an der Stad? Wann’s du der dës Froe stells an och nach wëlls wëssen, wéi een esou eng Aktivitéit organiséiert, da mell dech hei un. Hei kriss de d' Méiglechkeet, fir selwer ze plangen an auszeprobéieren.

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dës Formatioun fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Équipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Schung.

Inklusioun vu Kanner mat enger Beanträchtegung

Wéi kann ech e Kand mat enger Beanträchtegung a mengem Grupp oder bei engem Spill integréieren? Ass dat iwwerhaapt méiglech? Wéi ginn ech domat ëm? Mat vill eegener Erfahrung vun den Zelt Kolonien an enger ganzer Rei vu klengen Tricke weise mir dir wou Méiglechkeeten a Grenzen vun der Inklusioun op enger Kolonie leien. Natierlech verbonne mat ville praktesche Beispiller!

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dës Formatioun fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Équipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Schung.

Hike

De Wee mat der Kaart a mam Kompass fannen, sech ee Biwak dobaussen opriichten, fir kënnen dréchen ze schlofen, wësse wat ee wéi dobausse kache kann, op wat een oppasse muss beim Organiséiere vun engem Hike a wéi een sou eng Aktivitéit richteg flott a sécher maache kann, alles dat gëss du hei gewuer !

Wichteg Informatiounen:

  • Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung dobaussen statt
  • D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch

Dës Formatioun fënnt ganz dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Équipement dobäi hunn: waarm a wierderfest Kleedung a Wanderschung, e Wander Rucksak, e Schlofsak, eng Isomatte an eng Gamelle mat Läffelsgeschir.

Formatiounswoch Brevet B Ouschteren

Wéi betreien an animéieren ech e Grupp Kanner während enger Aktivitéit mat Iwwernuechtungen? Wéi preparéieren a realiséieren ech e grousst Spill oder een Atelier? Wéi schaffen an ameséieren ech mech mat menge Co-Moniteuren? Wann’s du dir all dës Froe stells, a Loscht hues mat anere motivéierte Jonken op eng praxisorientéiert Art a Weis ze léieren, wéi ee Kanner eng onvergiesslech Zäit bitt, da bass du op dëser Woch genau richteg!

Dës Formatiounswoch fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Équipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Wanderschung.

Spill a Spaass fir déi Kléng

Oh nee! Déi Kanner sinn dach vill ze kleng, wat kann ech wuel mat deene maachen? Op dëser Formatioun léiers du Spiller, Lidder, Dänz a Gebastels, déi och déi kléng Butze fäerdeg bréngen.

De roude Fuedem (Fuesent)

Geschichten an Theater hunn eng grouss Valeur op eise Kolonien. Fest encadréiert am Wocheplang suergen dës fir Identifikatioun a Spannung bei de Kanner, woubäi den Opbau vun der Story een essentielle Rôle anhëlt.

Wëlls du wëssen, wéi een eng flott Geschicht schreift an zesumme setzt? Op dësem Weekend siche mir net nëmmen no engem roude Fuedem, mee mir luussen och hannert d'Kulissen. Zesumme kucke mir, wat et heescht eng Geschicht fir Kanner a Jugendlecher ze plangen, z‘organiséieren an ëmzesetzen.

Theater op der Kolonie

Geschichten a Theater hunn eng grouss Valeur op eise Kolonien. Fest encadréiert am Wocheplang suergen dës fir Identifikatioun a Spannung bei de Kanner. Wëlls du och léieren a probéieren, wourop et ukënnt op der Bühn ze stoen? Vu klasseschen Theater-Instrumenter, Improvisatioun bis zu engem Theaterstéck, op dësem Weekend ass fir jiddereen eppes dobäi.

Formation de base (janvier)

D'Basis-Formatioun ass fir all Jonken, dee beim SNJ Animateur/Animatrice op de Kolonien a Summercamps wëll ginn. Op dëser Formatioun léiers Du d'Grondlagen fir ee Grupp z'encadréieren, Alles zum Thema Sécherheet an och Moderatiounstechniken. Duerch interaktiv Aufgaben an een theoreteschen Input gëss du drop virbereed ee Grupp Kanner oder Jugendlecher während enger Aktivitéit ze begleeden an d'Responsabilitéit fir si ze huelen.

D'Basisformatioun gelt als obligatoresch Formatioun fir de Brevet A an de Brevet B.
Dës Formatioun dauert vun 09:00 bis 18:00 Auer.

Formation transfrontalière