Formatioun Animateur A (1. Deel)

D’Gemeng Schëffleng proposéiert och 2024 an Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus
dës Formatioun.

Domat kann ee spéider als Animateur un
Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher an de Schoulvakanzen deelhuelen
an zesumme mat de Responsabelen Aktivitéiten organiséieren,
duerchféieren an d’Participante begleeden. D’Formatioun gëtt vum Service National de la Jeunesse zertifiéiert a fënnt zu Schëffleng an an der Ëmgéigend statt.

Datumer 2024:
24. a 25. Februar
23. a 24. Mäerz
Teamdag 18. Mee
Plus 2 Deeg Ministage am Schëfflenger Jugendhaus, d’Datumer heifir gi mam Animateur zesumme festgeluecht.

Umeldung bis de 16. Februar per Mail

Ziller

D’Animateuren,
déi d’Formatioun duerchlaaf hun, sollen:
·
e Grupp vu Jugendlechen altersgerecht encadréiere kënnen.
·
Risike vun Aktivitéiten aschätzen a fir Secherheet suerge kënnen.
·
mat Konflikter am Grupp ëmgoe kënnen.
·
hier Roll als Animateur kennen an als Firbild fungéiere kënnen.
·
Eegeninitiativ ergräifen an eegestänneg schaffe kënnen.
·
Handlungsméiglechkeeten a konkrete Situatioune kennegeléiert hunn.
·
déi aaner Animateure, mat deenen se wärte schaffen, kennegeléiert a mat hinnen am
Team geschafft hunn.
·
vertraut si mat den Aktivitéiten, déi an deem jeeweilege Joer ugebuede ginn.

Zillgrupp: Schüler a Studenten am Alter vun 16-26 Joer.

[1] Fir d’Konzept méi lieserlech ze
gestalten, verzichte mir am Text op déi weiblech Form.

Inscription