Wat kann ech? Wat soll ech? Wat däerf ech?
Wat bedeit et, als Animateur bei Kolonien, Campen a Weekender Verantwortung ze droen?
Nieft engem kuerzen theoreteschen Deel iwwer Méiglechkeeten, Grenzen a Konsequenzen, maache mer eng Rei Abenteuer Spiller wou mer kucke wéi dat Theoretescht an der Praxis ze realiséieren ass.
Dës Formatioun ass geduecht fir all Animateuren/Animatrice, déi méi iwwer hier Méiglechkeeten a Limitte wëlle gewuer ginn.
Wichteg Informatiounen:
- Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
- D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch
Dës Formatioun fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Équipement dobäi hunn: wierderfest sportlech Kleedung a Schung.