Konstruktiounen bei der Sauer

Wann s du schonn ëmmer wësse wolls, wéi een op engem Camp oder enger Kolonie flott a sécher Konstruktioune mat a fir d’Kanner baue kann, da bass du op dësem Weekend genee richteg !

Mir léiere verschidde Kniet a bauen niewent enger grousser Konstruktioun aus Holz och eng Afe Bréck. Owes loosse mir den Dag gemittlech mat einfache Bastelatelieren auskléngen.

Dës Formatioun fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Équipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Schung.

Inscription