Statut : Ouvert
Animateur Brevet B – Elisabeth Jeunesse –2026
Modul 4.3. Theater op der Kolonie
Geschichten a Theater hunn eng grouss Valeur op eise Kolonien. Fest encadréiert am Wocheplang suergen dës fir Identifikatioun a Spannung bei de Kanner. Wëlls du och léieren a probéieren, wourop et ukënnt op der Bühn ze stoen? Vu klasseschen Theater-Instrumenter, Improvisatioun bis zu engem Theaterstéck, op dësem Weekend ass fir jiddereen eppes dobäi.
Wichteg Informatiounen:
- Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
- D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch
Dëse Formatiounsweekend gehéiert zum Modul 4 “Kreativitéits Labo”
Fir de Brevet C sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:
- Formatiounswoch Brevet C
- 3 Formatiounsweekender:
à 1 Formatiounsweekend vum Modul 3
à Nach 1 Formatiounsweekend vum Modul 3 oder Modul 4 - 50 praktesch Stonnen
Formatiounswoch fir aide-animateur/trice 2026
Wéi organiséieren ech eng Kolonie? (Wanter)
Eng Aktivitéit als Responsabel/Campchef (Camp/Kolonie/Weekend) beim SNJ/GA organiséieren; wat kënnt do op mech duer?
Dës Formatioun gëtt dir en Abléck an de Pabeierkrich, déi engagéiert Responsabilitéiten, d’Zesummesetzen an d’Leede vum Staff an d’Entwécklung vu Konzepter a Strukturen fir deng Aktivitéit ze plangen an duerchzeféieren.
Mir werfen och e Bléck op dat ganzt Material wat sou op enger Aktivitéit zesummekënnt.
Wichteg Informatiounen:
- Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
- D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch
Konditioun: Brevet C, 18 Joer an eng grouss Erfarung als Animateur/Animatrice
Fir de Brevet E sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:
- 17 praktesch Stonnen
Wéi organiséieren ech eng Kolonie? (Summer)

Modul 4.2. Fit fir däin Atelier
Op dësem Weekend kriss du vill nei originell Iddien fir Atelieren. Et gëtt geschnëppelt, gepecht, Rezepter a verréckt Sportaarten ausprobéiert bis et net méi geet.
Hei gesäis du wéi een sou eng Aktivitéit opbaut a kriss vill Tipps an Tricks mat op de Wee.
Wichteg Informatiounen:
- Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
- D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch
Dëse Formatiounsweekend gehéiert zum Modul 4 “Kreativitéits Labo”
Fir de Brevet C sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:
- Formatiounswoch Brevet C
- 3 Formatiounsweekender:
à 1 Formatiounsweekend vum Modul 3
à Nach 1 Formatiounsweekend vum Modul 3 oder Modul 4 - 50 praktesch Stonnen
Formatiounswoch Brevet C
Duerch deng Erfarung als Animateur/Animatrice mam Brevet B, kënne mir wärend der Formatiounswoch vum Brevet C vill méi intensiv ob deng Verantwortung a Verpflichtungen agoen. Wärend dëser Formatioun thematiséiere mir de Volet vun der Kommunikatioun, vun der Gruppen Dynamik an awer och vu schwieregen Situatiounen, déi op enger Kolonie oder engem Camp virkomme kënnen.
Zesummen mat dengem Formatiounsteam gëtt verstäerkt geléiert, wéi een dono mat méi Responsabilitéit op enger Aktivitéit mat Iwwernuechtung täteg ass an zesummen an enger Equipe vun Animateuren/Animatricen Spiller, Atelieren oder och Ausflich plange kann.
Wärend dëser Formatioun fënnt och déi obligatoresch Kiche Formatioun “Les bonnes pratiques d'hygiène HACCP dans le secteur Horeca” statt, déi ee brauch fir spéiderhin op enger Kolonie oder engem Camp an der Kach Equipe ze sinn.
Konditioun: Brevet B, 17 Joer hunn
Wichteg Informatiounen:
- Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
- D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch
Dës Formatioun fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Equipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Schong.
Fir de Brevet C sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:
- 1 oder 2 Formatiounsweekender vum Modul 3
- 1 oder 2 Formatiounsweekender vum Modul 4
- 50 praktesch Stonnen
Formatioun fir Formateuren (Hierscht)
Dës Formatioun riicht sech un Animateuren & Animatricen, a Personal aus der non-formaler Bildung, déi Wëlles hunn, Formateur/Formatrice fir Animateur Formatiounen ze ginn.
Theme vun dëser Formatioun sinn ënner anerem non-formal Bildung, gesetzlech Basis, Hëllefsmëttel fir Animateuren a Formatiounstechniken.
Konditioun: Brevet C, 18 Joer an eng grouss Erfahrung als Animateur/Animatrice oder en Diplom am sozio-edukative Beräich hunn (Éducateur, Éducateur gradué, Pädagog, etc.).
Dës Formatioun dauert vun 09:00 bis 18:00 Auer.
Fir de Brevet F sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:
- 17 praktesch Stonnen
Fir Personal aus der non-formaler Bildung: Dës Formatioun ass validéiert als Formation Continue. Bei Ärer Inscriptioun ass et wichteg Är professionell E-Mail an bei "Notes" d'ID-Nummer vun Ärer Struktur unzeginn, domat mir erkennen, datt et sech bei Iech ëm eng Struktur aus dem non-formale Bildungsberäich handelt.
Formation de base (octobre)
D'Formation de base ass fir all Jonken, dee beim SNJ de Brevet A an/oder de Brevet B maache wëll, fir wärend de Vakanz-Sportsaktivitéiten vun eiser Equipe “Sport Erliewen” oder wärend Kolonien a Summer Camps ze schaffen. Op dëser Formatioun léiers Du d'Grondlage fir ee Grupp z'encadréieren, alles zum Thema Sécherheet a Präventioun an och Animatiounstechniken. Duerch interaktiv Aufgaben an een theoreteschen Input gëss du drop virbereet ee Grupp Kanner oder Jugendlecher wärend enger Aktivitéit ze begleeden an d'Responsabilitéit fir si ze huelen.
Wichteg Informatiounen:
- Dës Formatioun fënnt vun 09:00 bis 18:00 Auer statt
- D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch
D'Formation de base gëllt als obligatoresch Formatioun fir de Brevet A an de Brevet B.
Fir de Brevet A sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:
- Formatiounsweekend “Animateur A”
- 25 praktesch Stonnen
Fir de Brevet B sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:
- Formatiounswoch Brevet B
- 1 Formatiounsweekend vum Modul 1
- 1 Formatiounsweekend vum Modul 2
- 50 praktesch Stonnen
Formation de base (septembre – samedi)

Modul 3.1. Konstruktiounen bei der Sauer
Wanns du schonn ëmmer wësse wolls, wéi een op engem Camp oder enger Kolonie flott a sécher Konstruktioune mat a fir d’Kanner baue kann, da bass du op dësem Weekend genee richteg !
Mir léiere verschidde Kniet a bauen niewent enger grousser Konstruktioun aus Holz och e Biwak. Owes loosse mir den Dag gemittlech ronderëm e Lagerfeier auskléngen.
Wichteg Informatiounen:
- Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
- D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch
Dës Formatioun fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Equipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Schong.
Dëse Formatiounsweekend gehéiert zum Modul 3 “Sécherheet a Präventioun”
Fir de Brevet C sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:
- Formatiounswoch Brevet C
- 3 Formatiounsweekender:
à 1 Formatiounsweekend vum Modul 4
à Nach 1 Formatiounsweekend vum Modul 3 oder Modul 4 - 50 praktesch Stonnen
Modul 4.1. Feier, Pan an Teamgeescht
Wéi schielen ech eng Ënn? Wat maachen ech, wann 120 Leit Honger hunn? Vun der einfacher Spaghetti, ee Saumon um Feier, bis bei de leckere Gaumenschmaus, Menüe fir Kanner, Kache mat Kanner. Ee Weekend fir Käch a Kiche Banausen – mir këmmeren eis och ëm d’Kachen um Feier, du kanns d’Rezepter an der Kichen oder dobaussen ausprobéieren.
Wichteg Informatiounen:
- Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
- D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch
Dës Formatioun fënnt vill dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Équipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Wanderschong.
Dëse Formatiounsweekend gehéiert zum Modul 4 “Kreativitéits Labo”
Fir de Brevet C sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:
- Formatiounswoch Brevet C
- 3 Formatiounsweekender:
à 1 Formatiounsweekend vum Modul 3
à Nach 1 Formatiounsweekend vum Modul 3 oder Modul 4 - 50 praktesch Stonnen
Formatioun fir Formateuren (Summer)
Dës Formatioun riicht sech un Animateuren & Animatricen, a Personal aus der non-formaler Bildung, déi Wëlles hunn, Formateur/Formatrice fir Animateur Formatiounen ze ginn.
Theme vun dëser Formatioun sinn ënner anerem non-formal Bildung, gesetzlech Basis, Hëllefsmëttel fir Animateuren a Formatiounstechniken.
Konditioun: Brevet C, 18 Joer an eng grouss Erfahrung als Animateur/Animatrice oder en Diplom am sozio-edukative Beräich hunn (Éducateur, Éducateur gradué, Pädagog, etc.).
Dës Formatioun dauert vun 09:00 bis 18:00 Auer.
Fir de Brevet F sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:
- 17 praktesch Stonnen
Fir Personal aus der non-formaler Bildung: Dës Formatioun ass validéiert als Formation Continue. Bei Ärer Inscriptioun ass et wichteg Är professionell E-Mail an bei "Notes" d'ID-Nummer vun Ärer Struktur unzeginn, domat mir erkennen, datt et sech bei Iech ëm eng Struktur aus dem non-formale Bildungsberäich handelt.
Modul 3.2. Sécher op den Hike
De Wee mat der Kaart a mam Kompass fannen, sech ee Biwak dobaussen opriichten, fir kënnen dréchen ze schlofen, wësse wat ee wéi dobausse kache kann, op wat een oppasse muss beim Organiséiere vun engem Hike a wéi een sou eng Aktivitéit richteg flott a sécher maache kann, alles dat gëss du hei gewuer !
Wichteg Informatiounen:
- Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung dobaussen statt
- D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch
Dës Formatioun fënnt ganz dobaussen statt an d'Participanten mussen dat néidegt Equipement dobäi hunn: waarm a wierderfest Kleedung a Wanderschong, e Wander Rucksak, e Schlofsak, eng Isomatte an eng Gamelle mat Läffelsgeschier.
Dëse Formatiounsweekend gehéiert zum Modul 3 “Sécherheet a Präventioun”
Fir de Brevet C sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:
- Formatiounswoch Brevet C
- 3 Formatiounsweekender:
à 1 Formatiounsweekend vum Modul 4
à Nach 1 Formatiounsweekend vum Modul 3 oder Modul 4 - 50 praktesch Stonnen
Formation de base (janvier)
D'Formation de base ass fir all Jonken, dee beim SNJ de Brevet A an/oder de Brevet B maache wëll, fir wärend de Vakanz-Sportsaktivitéiten vun eiser Equipe “Sport Erliewen” oder wärend Kolonien a Summer Camps ze schaffen. Op dëser Formatioun léiers Du d'Grondlage fir ee Grupp z'encadréieren, alles zum Thema Sécherheet a Präventioun an och Animatiounstechniken. Duerch interaktiv Aufgaben an een theoreteschen Input gëss du drop virbereet ee Grupp Kanner oder Jugendlecher wärend enger Aktivitéit ze begleeden an d'Responsabilitéit fir si ze huelen.
Wichteg Informatiounen:
- Dës Formatioun fënnt vun 09:00 bis 18:00 Auer statt
- D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch
D'Formation de base gëllt als obligatoresch Formatioun fir de Brevet A an de Brevet B.
Fir de Brevet A sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:
- Formatiounsweekend “Animateur A”
- 25 praktesch Stonnen
Fir de Brevet B sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:
- Formatiounswoch Brevet B
- 1 Formatiounsweekend vum Modul 1
- 1 Formatiounsweekend vum Modul 2
- 50 praktesch Stonnen
Animateur A (Wanter 2025)
Du wëlls léiere wéi ee Spiller, Bastel Aktivitéiten oder Owes Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher wärend Vakanzenaktivitéiten oder an engem Jugendhaus organiséiert a wat fir eng Optiounen een do iwwerhaapt huet? Oder du wëlls wësse wéi een a verschiddenen Situatiounen sech soll verhalen a wat engem Animateur/enger Animatrice mam Brevet A seng Responsabilitéite sinn? Da mell dech u fir dëse Weekend vum Brevet A vun deems du garantéiert vill léiers a mat heem hëls.
Wichteg Informatiounen:
- Dës Formatioun fënnt mat Iwwernuechtung statt
- D’Ëmgangssprooch an de Contenu vun der Formatioun sinn op Lëtzebuergesch
Dës Formatioun fënnt vill dobausse statt an d'Participante mussen dat néidegt Equipement dobäi hunn: wierderfest Kleedung a Schong.
Fir de Brevet A sinn donieft nach follgend Schrëtt vum Formatiounsparcours ze maachen:
- Formation de base
- 25 praktesch Stonnen
Brevet E (Responsabel)
Hei solls du:• Op mannst 18 Joer hunn• De Brevet C vum Animateur hunn• Vill Kolonieerfarunge gesammelt hunn
Datum:
Datum:
18.-19.04.2026
14.-15.11.2026
Als Responsabel vun enger Kolonie muss een d’Haaptverantwortung iwwert de ganze Grupp iwwerhuelen, de Programm koordinéieren, d’Moniteursequipe zesummestellen a leeden, de Budget verwalten a villes méi.
Fir d’Formatioun vum Brevet E gëtt just eng limitéiert Unzuel vun Animateuren zougelooss. Fir Responsabel ze ginn, muss du virdrun iwwert e puer Joer Kolonieerfarunge gesammelt hunn.
Dës Weekender sinn ouni Iwwernuechtung.
Brevet B (Aide-Animateur)
Brevet C (Animateur)
Animateur B
communale de la Ville de Luxembourg organisera pendant les mois de novembre 2025
à juin 2026 une formation « animateur
B ».
obligatoire pour toute personne qui désire travailler dans le cadre des
activités « S.d.S. Sport-Wochen » et « Kinnekswiss : Sport
et détente au cœur de la Ville » pendant les vacances d’été 2026.
objectif de transmettre les connaissances et compétences nécessaires afin
d’encadrer, sous l’autorité d’un responsable, un groupe d’enfants et/ou de
jeunes et est clôturée par le brevet d’« animateur B » délivré par le
Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse.
- durée de 150 heures composée de cours
théoriques et pratiques, ainsi que d’un stage d’au moins 40 heures dans le
domaine du sport ; - la formation se déroulera pendant les
jours de weekends et le stage en été 2026 ; - une
séance d’information relative aux modalités organisationnelles sera
organisée avant le début de la formation. La date et l’heure seront
communiquées aux candidats en temps utile.
Formation Brevet B
Animateur Brevet B – Elisabeth Jeunesse –2025
Formatioun Animateur Brevet A
- Grondkenntnisser vun der Betreiung vu Kanner a Jugendlechen
- Opbau an Ëmsetzung vun Aktivitéiten
- Verantwortung vum Betreiungspersonal
- Sécherheet wärend Aktivitéiten
- Fräizäitaktivitéite wärend der Summervakanz, déi vun de Gemengen oder Maison Relais organiséiert ginn.
- Fräizäitaktivitéiten an a mat de Jugendhaiser, sief dat an de Vakanzen oder Weekends.