Formatiounswoch 2e Cycle

An dëser Woch gi mir op d’Roll vum Animateur an, mir behandelen Theme wéi Kommunikatioun a Gruppendynamik mat prakteschen Übungen, mir tauschen eis iwwer éischt praktesch Erfahrungen aus a mir léieren Notioune vun 1. Hëllef fir am Fall vun engem Accident oder enger Verletzung richteg reagéieren ze kënnen.

Conditioun : de Brevet B ofgeschloss hunn

De roude Fuedem (Weekend de base)

Geschichten an Theater hunn eng grouss Valeur op eise Kolonien. Fest encadréiert am Wocheplang suergen dës fir Identifikatioun a Spannung bei de Kanner, woubäi den Opbau vun der Story een essentielle Rôle anhëlt. Wëlls du wëssen, wéi een eng flott Geschicht schreift an zesumme setzt? Op dësem Weekend siche mir net nëmmen no engem roude Fuedem, mee mir luussen och hannert d'Kulissen. Zesumme kucke mir, wat et heescht eng Geschicht fir Kanner a Jugendlecher ze plangen, z‘organiséieren an ëmzesetzen

Formatiounswoch 1er Cycle Allerhellegen

Wéi betreien an animéieren ech e Grupp Kanner? Wéi preparéieren a realiséieren ech e grousst Spill oder een Atelier? Wéi schaffen an ameséieren ech mech mat menge Co-Moniteuren? Wann s du dir all dës Froe stells, a Loscht hues mat anere motivéierte Jonken op eng praxisorientéiert Art a Weis ze léieren, wéi ee Kanner eng onvergiesslech Zäit bitt, da bass du op dëser Woch genau richteg!

Action am Mëllerdall

Du wëlls eng onvergiesslech Woch am Mëllerdall
verbréngen an an dräi verschiddene Jugendherberge
schlofen? Du hues Loscht, mat neien oder ale Frënn
méi relax a sportlech Aktivitéiten ze erliewen, wéi
Schlittschong, Vëlo, Geocaching an nach villes méi?
Da bass du hei genau richteg! Mir freeën eis drop,mat
dir de Mëllerdall ze entdecken.

Icebreakers

La destination de l’„Aletsch Arena“ rend tous les snowboardeurs et skieurs heureux. 104km de pistes préparées se composent de la Riederalp, Bettmeralp et Fiescheralp-Eggishorn.

Sur une hauteur de 2869 mètres nous avons neige garantie de décembre jusqu`en avril. Amuse-toi dans les snowparcs, halfpipes ou les pistes freeride.

Nous t’attendons !