Methodendaag Wëllefcher 2024

Fir un dëser Formatioun kënnen deel ze huelen, muss een Member an engem lokalen Grupp vun den “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” sinn.

D’Participanten léieren Wëllefchersmethod kennen a kucken zesummen, wéi een se am Kader vun de Wëllefchersaktivitéiten uwenden kann.

Ziler:
D’Method vun de Wëllefcher an hier Ëmsetzung kënneléieren

Inhalt:
D’Wëllefchersmethod a Wëllefchersaktivitéiten

Methodendag Avex 2025

Fir un dëser Formatioun kënnen deel ze huelen, muss een Member an engem lokalen Grupp vun den “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” sinn.

Avex Methode

Ziler:
Avex Method kenneléieren an emsetzen

Inhalt:
– Avex Method
– Den Avex

Gilwell 2025

Fir un dëser Formatioun kënnen deel ze huelen, muss een Member an engem lokalen Grupp vun den “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” sinn.
 
De Gilwell ass eng fräiwelleg Formatioun vum 3. Zyklus fir aktiv Chef mat Ernennung an ofgeschlossenem 2. Zyklus.
 
Ziler:
 Gilwell: Upside Down
D’Zil vum Gilwell, ass et zesumme mat gläichgesënnten engagéierte Guiden a Scouten, de Verband, säi Fonktionnenment an awer och dat wat an de Gruppen ugebuede gëtt, ze iwwerdenken an op d’Kopp ze stellen, fir zesummen nei Weeër kënnen ze goën.

Inhalt:
Um Gilwell gëtt et Input zu verschiddenen Themen an engem flotten Kader am Ausland (Gent) a genuch Zäit fir Diskussiounen, Projetplanung an Austausch. Den zweeten Deel zu Letzebuerg léisst Zäit fir konkret Projeten emzesetzen an sou de Verband an d’Gruppe weider ze bréngen.

Perséinlech a Spirituelle Nuetsweekend

Fir un dëser Formatioun kënnen deel ze huelen, muss een Member an engem lokalen Grupp vun den “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” sinn.

Dës Formatioun ass en Deel vun der Formatioun vum 1. Zyklus wou mer eis mam Thema Engagement a Spiritualitéit bei den LGS ausernee sëtzen.
Mir maachen dat am Kader vun enger NUETSWANDERUNG ( +- 20 km ) déi iwwer déi ganz Nuecht geet.

Ziler:
Mir entdecken a probéieren ze verstoe wat d’Spiritualitéit eigentlech ass, firwat d’Spiritualitéit bei de Guiden a Scouten esou wichteg ass, a wéi mer se do kënnen erliewen

Inhalt:
Matt Übungen, Atelieren a Gespréicher entdecke mer eppes wat eis am Fong dacks nët esou bewosst ass, dëst am Kader vun engem Fousstour vu +- 20 km duerch d’Nuecht.
Duerch déi speziell Ambiance vun der Nuecht an der fräier Natur wäert dës Formatioun bei dir an Erënnerung bleiwen.

Perséinlech a Spirituelle Formatiounsweekend

Fir un dëser Formatioun kënnen deel ze huelen, muss een Member an engem lokalen Grupp vun den “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” sinn.

Dës Formatioun ass deen Deel vum 1. Zyklus vun der LGS-Formatioun, wou mer eis mam Thema “eist Engagement an eis Spiritualitéit ” auseneesëtzen

Ziler:
Mir entdecken a probéieren ze verstoe wat d’Spiritualitéit eigentlech ass, firwat d’Spiritualitéit bei de Guiden a Scouten esou wichteg ass, a wéi mer se do kënnen erliewen.

Inhalt:
Mat Übungen, Atelieren a Gespréicher entdecke mer eppes wat eis am Fong dacks nët esou bewosst ass. Do dernieft bleift awer och Zäit fir Spill, Spaass a gemittlëcht Zesummesinn.

“STIP” – STAGE D’INITIATION PRATIQUE : Avex

Fir un dëser Formatioun kënnen deel ze huelen, muss een Member an engem lokalen Grupp vun den “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” sinn.

Formatioun vum 1. Zyklus fir déi zukünfteg Assistent Avex Chef (ATC).

Ziler:
Avex Method kenneléieren an uwenden

– Methoden fir dass eng Avextrupp funktionnéiert

Inhalt:
Avexmethod, Gruppendynamik, Animatiounstechniken, Kreativitéitstechniken, Komtakt mat Elteren

Perséinlech a Spirituelle Formatiounsweekend

Fir un dëser Formatioun kënnen deel ze huelen, muss een Member an engem lokalen Grupp vun den “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” sinn.

Dëss Formatioun ass en Deel vun der Formatioun vum 1. Zyklus wou mer eis mam Thema “eist Engagement an eis Spiritualitéit ” auseneesëtzen..

Ziler:
Mir entdecken a probéieren ze verstoe wat d’Spiritualitéit eigentlech ass, firwat d’Spiritualitéit bei de Guiden a Scouten esou wichteg ass, a wéi mer se do kënnen erliewen.

Inhalt:
Mat Übungen, Atelieren a Gespréicher entdecke mer eppes wat eis am Fong dacks nët esou bewosst ass. Do dernieft bleift awer och Zäit fir Spill, Spaass a gemittlëcht Zesummesinn.

Methodendaag Biber 2024

Fir un dëser Formatioun kënnen deel ze huelen, muss een Member an engem lokalen Grupp vun den “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” sinn.

Formatioun fir jiddfereen deen d’Bibermethod kenneléieren well.

Ziler:
D’Cheftainen a Chefléiren léiren d’Method kennen a virun allem och wéi een domat schaffe kann..

Inhalt:
D’Method, Biberaktivitéiten

“STIP” – Stage d’initiation pratique (Deel 2) – Biber & Wëllefcher

Fir un dëser Formatioun kënnen deel ze huelen, muss een Member an engem lokalen Grupp vun den “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” sinn.

Formatioun vum 1. Zyklus fir déi zukünfteg Assistentcheffen bei de Biber an de Wëllefcher.

Ziler:
D’Cheftainen a Chef kréien dat néidegt Material an dat néidegt Wëssen fir de Kanner am Biber a Wëllefchersalter altersgerecht Aktivitéiten unzebidden.

Inhalt:
D’Method, Biber- a Wëllefchersaktivitéiten, Veilléen, …

“STIP” – Stage d’initiation pratique (Deel 1) – Biber & Wëllefcher

Fir un dëser Formatioun kënnen deel ze huelen, muss een Member an engem lokalen Grupp vun den “Lëtzebuerger Guiden a Scouten” sinn.

Formatioun vum 1. Zyklus fir déi zukünfteg Assistentcheffen bei de Biber an de Wëllefcher.

Ziler:
D’Cheftainen a Chef kréien dat néidegt Material an dat néidegt Wëssen fir de Kanner am Biber a Wëllefchersalter altersgerecht Aktivitéiten unzebidden.

Inhalt:
D’Method, Biber- a Wëllefchersaktivitéiten, Veilléen, …

Zousaz Outdoor Weekend

Brevet E (Responsabel Kolonien)

Brevet C (Animateur)

Formationswoche – “Formation Transfrontalière”

Im Ausbildungsmodul „Formation Transfrontalière“ der EVEA-Betreuerausbildung beschäftigen wir uns schwerpunktmäßig mit dem Thema interkulturelle Kompetenz:

INHALTE UND ZIELE DER AUSBILDUNG:
  • Menschen kennenlernen, die aus vier verschiedenen Ländern und Kulturkreisen kommen
  • Umgang mit Menschen erlernen, denen ich fremd bin, die mir fremd sind
  • Selbstwahrnehmung in fremden Situationen erlernen
  • Unterschiede erleben und sie als Vielfalt und Bereicherung verstehen
  • Respekt als Mittel zur Förderung eines friedlichen Zusammenlebens erkennen
  • Arbeiten in interkulturellen Betreuerteams erlernen
  • Konfliktlösungsstrategien anhand von Simulationsspielen erfahren
  • Kommunikation als Herausforderung internationaler Jugendarbeit erkennen und verstehen
  • Rechtliche Unterschiede über Grenzen hinweg erfahren
  • Erlebnispädagogik als Methode in interkulturellen Begegnungen kennenlernen
  • Sprachanimationen erleben und anwenden lernen

ABLAUF DER SEMINARWOCHE:
  • Ihr werdet mit jungen Menschen aus Belgien, Frankreich, Luxemburg und Deutschland zusammentreffen und gemeinsam etwas über die spezielle Situation bei internationalen und interkulturellen Projekten erfahren.
  • Dies geschieht sowohl theoretisch als auch durch praktische Methoden und Übungen auf der Basis eines „learning by doing“.
  • Die Sprachgrenzen überwindet ein professioneller Simultanübersetzer (deutsch/französisch), welcher die Gruppe während der gesamten Begegnung begleitet.

Kachen, Brachen an d’Natur erliewen

Dës formatiouns-Weekend hunn mir an 2 Deeler gespléckt. Deen éischten Dag steet ganz am Prinzip vun der Erliefnespedagogie, An dëser Formatioun kriss du Iddien, wéi s du de  Kanner an der Kolonie op spillerescher Aart a Weis d’Natur kanns méi no bréngen, an esou Zesummenhalt an d’Kooperatioun am Grupp stäerks. Zesumme maache mir eis Gedanke wéi een Abenteuer an der Natur kann erliewen an dobäi onvergiesslech Erfarunge mécht. D’Natur bitt ee risegt Spillfeld a waart nëmmen drop entdeckt ze ginn. Mee… Wat ass iwwerhaapt en Abenteurer ?
Deen 2ten Dag steet ënnert dem Moto: Kachen ass u sech keng Konscht – wann een et da mat Jugenlechenzesummen op eemol fir eng ekipp vu x Leit soll maachen, kann een awer mol séier den Iwwerbléck verléieren. Dobäi kommen eng jett Hygiènesreegelen, déi ee muss anhalen. Op wat s du oppasse muss, wann s de an der Kolonie kachs, wéis de d’Akagen an d’Kachen nohalteg an ouni vill Verschwendung kanns gestalte, mee och wat déi gängegt Allergien a Regime alimentaire sinn, weisen mir dir op dësem Weekend – souwuel an der Theosie, wéi och an der Praxis.

Stressmanagment an Teambuilding

Eng Kolonie kann immens stresseg sinn. Och sech an enger Equipp fannen a matenee funktionéieren ass net ëmmer einfach. Wien kennt en net ? Stress… Wéi séier verfält ee vun enger Stresssituatioun an déi aner ? Stress kann iwwerall an zu all Moment poptrieden. Mee wéi kann ech mech gutt op esou Situatioune virbereeden ? Op dësem Weekend gesi mer, wéi dir iech scho Woche virun enger Kolonie optimal virbereede kënnt, an dir léiert är eegen Stress Ausléiser, -Verstäerker an -Reaktioune kennen. Am 2ten Deel vun der Formatioun befasse mir eis mam Thema Teambuilding. Wéi setzt sech eng Grupp zesummen. Wat kann ee maachen fir den Teamgeescht ze stäerken ? Wéi kann ee mat Konflikter am Grupp ëmgoen ? Unhand vu ville prakteschen Übungen gi mir Theme wéi Kooperatioun, Zesummenhalt, Kommunikatioun oder och Vertrauen an. Stressless, Peace & Love

Éischt-Hëllefs-Cours 2 Jour 2

Een Basis Éischt-Hëllefs-Cours vun 2 Deeg fir Jugendlecher ab 15 Joer !
Et kritt een en 1 Hëllef Diplom.
Fir den Éischt-Hëllefs-Cours kritt een keen Brevet Animateur.
Een oofgeschlossenen Éischt-Hëllefs-Cours as obligatoresch fir kennen un der Spezialisatioun Rescue Team (Brevet D) deelzehuelen.

Éischt-Hëllefs-Cours 2 Jour 1

Een Basis Éischt-Hëllefs-Cours vun 2 Deeg fir Jugendlecher ab 15 Joer !
Et kritt een en 1 Hëllef Diplom.
Fir den Éischt-Hëllefs-Cours kritt een keen Brevet Animateur.
Een oofgeschlossenen Éischt-Hëllefs-Cours as obligatoresch fir kennen un der Spezialisatioun Rescue Team (Brevet D) 
!Wichteg den 2. Dag ass den 11/05/2024!

Thema Sexualitéit

Mir schwätzen driwwer: Sexualitéit! Informatiounen, Diskussiounen, Ëmgang mam Thema Sexualitéit a geschlechtsspezifesche Rollenverständnisser. Op wat muss ech an der Kolonie mat Kanner a Jugendlechen oppassen ? Wéi soll ech als Moniteur/trice mat Themen ronderëm Kierper, Sexualitéit, Bezéiungen an Geschlecht ëmgoen ? Wou si meng Grenzen a wat ass meng Roll ?

Formatiounswoch Animateur/trice

An der Animateurs/trices – Formatiounswoch (Brevet C) kanns du deng Erfarungen an Erkenntnisser ënner Beweis stellen. D’ Formatiounswoch fir den Brevet C ass gans paxisorientéiert. Duerch den Austausch mat aner Moniteuren/tricen a Formateuren/tricen léiers du méi iwwer dech selwer kenne, a kanns erliefte Situatioune reflektéieren.
Am Fokus stinn Themen ewéi :
  • Gruppendynamik
  • Konfiktléisung
  • Kommunikatioun
  • Sécherheet
  • Responsabilitéit
  • Animatioun
  • Kooperatioun

Formatiounswoch Aide-Animateur/trice

Als Moniteur/trice an d’Kolonie ze fuere soll geléiert sinn. Op eiser Formatiounwoh léiers du unhand vu prakteschen Erfarunge weis du dech a verschidde Situatioune verhale solls. Engersäits steet d’Schaffen am Grupp an d’Virbereede vun Aktivitéiten am Fokus. Anerersäits gëss du alles iwwer Spiller, vun de Situatiounen, der Virbereedung, de Reegelen iwwer Duerchféierung bis hin zur Evaluatioun gewuer. Du léiers: 

  • Wéi organiséieren ech ee Spill ?
  • Wat maachen ech, wann en Kand mir net follegt ?
  • Wéi stellen ech ee Programm op ?
Zum Schluss vun der Woch solle keng Froe méi opstoen an du solls dech prett fille fir als Moniteur/trice duerch ze starten.

Animateur Brevet A – Elisabeth Jeunesse

Maach eng Ausbildung zum Animateur an begeleed duerno Vakanzenaktivitéiten an Nomëtteger a sammel eemoleg Erfarungen.
Plu Valu vum Brevet Animateur: Dagesaktivitéiten fir Kanner a Jugendlecher begleeden, Deel vum Team Animateur vun elisabeth Jeunesse ze sinn, Méiglechkeet Täschegeld ze verdéngen

Nom erfollegräichen Ofschloss vun der Formatioun kriss du een Zertifikat „Brevet Animateur“ vum Minister ënnerschriwwen. Bei elisabeth Jeunesse kanns du uschléissend och een Animateurkontrakt kréien an u villfältegen Aktivitéiten, Projeten an Vakanzen deelhuelen.

Formatioun Animateur A (1. Deel)

D’Gemeng Schëffleng proposéiert och 2024 an Zesummenaarbecht mam Schëfflenger Jugendhaus
dës Formatioun.

Domat kann ee spéider als Animateur un
Aktivitéite fir Kanner a Jugendlecher an de Schoulvakanzen deelhuelen
an zesumme mat de Responsabelen Aktivitéiten organiséieren,
duerchféieren an d’Participante begleeden. D’Formatioun gëtt vum Service National de la Jeunesse zertifiéiert a fënnt zu Schëffleng an an der Ëmgéigend statt.

Datumer 2024:
24. a 25. Februar
23. a 24. Mäerz
Teamdag 18. Mee
Plus 2 Deeg Ministage am Schëfflenger Jugendhaus, d’Datumer heifir gi mam Animateur zesumme festgeluecht.

Umeldung bis de 16. Februar per Mail

Ziller

D’Animateuren,
déi d’Formatioun duerchlaaf hun, sollen:
·
e Grupp vu Jugendlechen altersgerecht encadréiere kënnen.
·
Risike vun Aktivitéiten aschätzen a fir Secherheet suerge kënnen.
·
mat Konflikter am Grupp ëmgoe kënnen.
·
hier Roll als Animateur kennen an als Firbild fungéiere kënnen.
·
Eegeninitiativ ergräifen an eegestänneg schaffe kënnen.
·
Handlungsméiglechkeeten a konkrete Situatioune kennegeléiert hunn.
·
déi aaner Animateure, mat deenen se wärte schaffen, kennegeléiert a mat hinnen am
Team geschafft hunn.
·
vertraut si mat den Aktivitéiten, déi an deem jeeweilege Joer ugebuede ginn.

Zillgrupp: Schüler a Studenten am Alter vun 16-26 Joer.

[1] Fir d’Konzept méi lieserlech ze
gestalten, verzichte mir am Text op déi weiblech Form.

Animateur Brevet B – Elisabeth Jeunesse

 Déi ganz Woch ass mat obligatorescher Iwwernueschtung um Site.
Maach eng Ausbildung zum Animateur an begeleed duerno Vakanzenkolonien, Campen an sammel eemoleg Erfarungen.
Plu Valu vum Brevet Animateur: Dagesaktivitéiten, Campen a Kolonien fir Kanner a Jugendlecher begleeden, Deel vum Team Animateur vun elisabeth Jeunesse ze sinn, Méiglechkeet Täschegeld ze verdéngen